Pegasus-Bréck

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi nei Pegasus-Bréck
D'Bréck opgeklappt

D'Pegasus-Bréck ass de Spëtznumm deen eng Bréck um Kanal vu Caen, net wäit ewech vu Bénouville an der Normandie, während dem zweete Weltkrich krut.

D'Bild hei niewendrun weist déi nei Bréck déi 1994 ganz genee d'selwecht opgeriicht ginn ass wéi déi al Bréck vun 1935. Et ass eng Rull-Klapp-Bréck vum Typ Scherzer, an den Deel, deen an d'Luucht geet ass 45,70 m laang. Iwwer d'Bréck geet d'Departementsstrooss D 514.

Déi nei Bréck gouf beim 50. Anniversaire vun der Landung vun den Alliéierten an der Normandie ageweit. Déi al Bréck steet an engem Musée net wäit dovun ewech.

Si krut hiren Numm vun enger britischer Unitéit (6. britesch Loftlandedivisioun) där hiren Emblème de Pegasus ass. Déi Unitéit hat als Missioun d'Bréck z'erueweren (Operatioun Deadstick) a si stoung ënner dem Kommando vum Majouer John Howard.

D'Zaldote si mat dräi Horsa-Laaschtesegeleren de 6. Juni 1944 kuerz no Hallefnuet knaps honnert Meter vun der Bréck ewech gelant ouni datt et den däitschen Zaldoten opgefall war. Dräi aner Seglere mat engem zweete Kommando sollten d'Nopeschbréck erueweren déi spéider Horsa-Bréck genannt gouf. All Kommando bestoung aus ongeféier 30 Mann. Bei där Operatioun goufen 2 Briten erschoss a 14 blesséiert. Den éischte Gefalenen bei där Aktioun a vun der Invasioun de Leitnant Brotheridge läit um Kierfecht vu Ranville wou eng Plack un hien erënnert, grad sou wéi un déi éischt franséisch Famill déi befreit gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pegasus Bridge – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.