Peloponnes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Peloponnes
Peloponnes--w.jpg
Statistiken
Haaptstad Tripoli
Fläch (km²) 21 379
Bevëlkerung 650.310 (2005)
Bevëlkerungsdicht (Aw./km²) 42
ISO 3166-2:GR
Um Spaweck http://www.peloponnisos.gr


De Peloponnes (Πελοπόννησος / Pelopónnisos) ass eng Hallefinsel an eng Verwaltungsregioun am Süde vu Griicheland.

Den Numm kënnt vun der mythologescher Figur Pelops, deen de Jong vum legendäre Kinnek Tantalos soll gewiescht sinn. Den zweeten Deel vum Numm ass dat griichescht Wuert fir "Insel", νήσος Nisos, also "Insel vum Pelops". Am Mëttelalter war fir de Peloponnes och den italieneschen Numm Morea geleefeg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Vum Festland ass de Peloponnes iwwer eng schmuel Landenkt vun zirka 6,3 km Breed, den Isthmos vu Korinth, z'erreechen, deen allerdéngs 1893 duerch de Kanal vu Korinth duerchgebrach ginn ass. Zanter 2004 ass de Peloponnes duerch déi 2,2 km laang Rio-Andirrio-Bréck tëscht den Uertschafte Rio an Andirrio mam Festland verbonnen.

De Peloponnes ass de südlechsten Deel vun der Balkanhallefinsel an domat dat Gebitt, wat am wäitsten an d'Mëttelmier erageet. De südlechste Punkt vum Peloponnes ass de Kap Malea. Am Oste gëtt de Peloponnes duerch d'Ägäis an am Westen duerch d'Ionescht Mier begrenzt.

Aus Äerdgeschichtlecher Siicht war de Peloponnes ursprénglech eng Insel, déi awer am Laf vun der Zäit duerch d'Nord-Verschiebung vun der afrikanescher a saudiarabescher Plack un d'Festland gedréckt. Däitlech Spure sinn un de ville Falebierger, déi nach relativ jonk sinn, z'erkennen. Dës Bierger ginn der Landschaft e charakteristescht Bild. Virun allem am Zentralpeloponnes (Arkadien) ass d'Géigend schwéier zougänglech, an duerch d'Bierger sinn zum Deel och Séier entstanen. D'Bierger ginn am Peloponnes bis op 2.400 Meter an d'Luucht, den Dall dotëscht ass fir griichesch Verhältnesser ganz fruchtbar.

Well d'Placke sech weiderhi beweegen, zielt de Peloponnes nieft Italien zu engem Risikogebitt fir Äerdbiewen an Europa.

De Stymphalesche Séi, am Hannergrond d'Oligirthos-Bierger.

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Deel vum Peloponnes bilt d'Verwaltungsregioun (περιφέρεια / periphéría) "Peloponnes" (Πελοπόννησος / Pelopónnissos) mat fënnef Prefecturen (νομοί / nomí), vun deenen en Deel vun der Prefectur Korinthien och bis op d'griichescht Festland geet. D'Prefecturen Achaia an Elis bilden zesumme mat Ätoloakarnanien d'Verwaltungsregioun Westgriicheland. En Deel vun der Hallefinsel Methana an eng Küstesträif vun der Argolescher Hallefinsel wéi och d'Inselen am Saronesche Golf a virun der peloponnesescher Südostküst gehéieren zu der Verwaltungsregioun Attika.

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Peloponnes a Klassescher Zäit.

D'Franchthi-Höhl an der Argolis ass déi eelst Plaz a Griicheland, hei goufe prehistoresch Iwwerreschter (ëm 15.000 v. Chr.) fonnt. Am Altertum war de Peloponnes den Zentrum vun der Mykenescher Kutur, déi ëm 1100 v. Chr. abrupt op en Enn gaangen ass. Nieft den Dorer hunn am Nordweste vun der Hallefinsel d'Achaier gewunnt. An der klassescher Zäit stoung de Peloponnes ënner der Herrschaft vu Sparta, Am 5. Joerhonnert v. Chr. koum et zu engem Krich géint Athen, an deem Sparta d'Uewerhand behalen huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Peloponnesesche Krich Nuvola apps xmag.png

Nom Fall vun dëser Polis an der Schluecht vu Leuktra 371 v. Chr. hat d'Arkadesch Liga d'Soen iwwer d'Hallefsinsel. No der Makedonenherrschaft hu sech Deeler vum Peloponnes zu der Achäiescher Liga zesummegedo, déi 146 v. Chr. vun de Réimer no der Zerstéierung vu Korinth opgeléist ginn ass.

Um Enn vun der Spéitantikitéit goufe grouss Deeler vun der Hallefinsel vu slawesche Gruppe bewunnt. Nodeem de Peloponnes joerhonnertelaang zum Byzantinesche Räich gehéiert hat, gouf d'Hallefinsel, déi och Morea bzw. Morée genannt gouf, 1204 vun de Kräizritter eruewert. D'Géigend rondërem Mystras war awer séier nees byzantinesch a gouf zu engem Zentrum vun der Hallefinsel, déi zum groussen Deel nees vun de Byzantiner zréckeruewert ginn ass. Zanter dem 15. Joerhonnert huet de Besëtz tëscht Venedeg an dem Osmanesche Räich gewiesselt. Vu 16861715 war Morea fir d'éischt Kéier komplett eng venezianesch Provënz, no der Onofhängkeet vu Griicheland am Joer 1822 gou d'Hallefinsel ënner hirem antiken Numm en Deel vun neie Staat.

Bekannten algriichesch Stied[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg Plazen aus byzantinescher Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Geschichtlech wichteg Plazen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peloponnes – Biller, Videoen oder Audiodateien