Pentan
| n-Pentan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Pentan |
| Trivialen Numm | Pentan |
| Chemesch Formel | C5H12 |
| Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet déi no Bensin richt |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 0,626 g/cm3 |
| Léislechkeet | 40 mg/l bei 20 °C am Waasser |
| Agregatzoustand | flësseg |
| Molmass | 72,15 g/mol |
| Schmëlzpunkt | –129,8 °C |
| Kachpunkt | 36,1 °C |
| Dampdrock | 562 hPa (20 °C) |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
–173,5 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
263,47 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
–3509 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Isopentan Neopentan Hexan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Pentan oder n-Pentan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus Isopentan a Neopentan besteet.
Inhaltsverzeechnes |
Physikalesch Eegeschaften [änneren]
Pentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf, déi no Bensin richt. En ass volatil an verdonnst scho bei Raumtemperatur. Déi Dämp si méi schwéier wéi d'Loft a breede sech um Buedem aus.
E léist sech schlecht am Waasser. Dogéint ass e gutt am Aceton, am Ethanol an am Ether léislech.
Chemesch Eegeschaften [änneren]
Pentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser. Doduerch, datt e volatil ass, kënnen explosiv Gasgemëscher aus Pentan a Loft entstoen.
Virkommen [änneren]
Pentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking
Hierstellung [änneren]
An der Industrie:
Pentan gëtt an der Industrie duerch Destillatioun vu Pëtrol gewonn.
Am Laboratoire:
Am Laboratoire gëtt fir d'éischt Pentan-2-ol oder Pentan-3-ol dehydratiséiert, da mat Katalysateuren hydréiert.
Uwendung [änneren]
Pentan ass en universellt Léisungsmëttel an en Dreifmëttel an de Spraydousen.
Auswierkungen op d’Gesondheet [änneren]
D'Dämp vum Pentan wierke narkotesch a wann een se anotemt, kann dat zu Dronkenheet, Kappwéi, Schléifregkeet an Herzrhythmusstéierunge féieren.
