Penumbra (Astronomie)
Umbra an Penumbra (lat. Kärschied an Hallefschied) gi vun den Astronomen déi Gebidder bannentecht vun de Sonneflecke bezeechent, déi eppes méi däischter wéi déi normal Sonnenuewerfläch sinn.
[änneren] Temperaturen
Déi duerchschnëttlech Uewerflächentemperatur vun der Sonn huet knapps 6.000 °C („effektiv Temperatur“ 5.770 Kelvin). De Kärberäich vun engem Sonnefleck, déi sog. Umbra („Kärschied“), ass ronn 2.000° méi kill a läit bei ca. 4.000°. Méi grouss Sonneflecke weisen doriwwer eraus eng Penumbra („Hallefschied“), déi eng Temperatur vun 5.000 – 5.500 °C opweisen. An hir befanne sech e ganze Koup Eenzelflecken (kuckt w.e.g. d'Bild).
Trotz hirer déiwer Temperatur sinn dës Zone vun de Sonneflecken net schwaarz resp. gro, mä si sinn och esou wéi gliddeg brennende Gas ze verstoen. Si strale mat ronn 20 bis 70 Prozent vun der normaler Photosphär. Nëmmen de Maximum vun der Stralung huet sech vu gielgréng e wéineg zu rout hi beweegt.
[änneren] Ziele vu Sonneflecken
Déi einfachst Miesszuel fir d'Sonnenaktivitéit - déi an engem 11-Joer-Zyklus variéiert an och all Woch a Mount Schwankungen ënnerläit – ass déi sougenannte Relativzuel
D'Zuel f gëtt d'Zuel vun de Flecken un (onofhängeg vun hirer Gréisst), während g d'Zuel vun de Gruppen duerstellt. Als Fleckegrupp zielen och Eenzelflecken, awer grouss Gruppenmat Penumbragebidder droe méi zu R bäi.
D'Sonneflecken entstinn duerch lokal Stéierungen am Magnéitfeld vun der Sonn, déi de konvektive Transport vun der Hëtzt aus der Déift behënneren.
