Percival Lowell
De Percival Lowell, gebuer den 13. Mäerz 1855; gestuerwen den 12. November 1916) war en US-amerikaneschen Astronom. Hie staamt aus enger vun de räichsten an ugesinnenste Patrizierfamilljen vu Boston. Seng Schwëster Amy Lowell war eng berühmten Dichterin, a säi Brudder Abbott Lawrence Lowell war President vun der Harvard Universitéit.
Dem Lowell säin Interesse un der Astronomie gouf duerch d'Planéiten-Observatiounen vum Giovanni Schiaparelli erhéicht, besonnesch awer duerch deem seng Entdeckung vun de "Marskanäl" bei der Oppositioun vum Joer 1877. Ausgeléist duerch joreszäitlech Verwerfungen um Mars entstoung doduerch beim Lowell a beim Camille Flammarion d'Virstellung, d'Kanäl ("Canali") kéinte kënschtlech gebaute Kanäl fir d'Bewässerung vum dréchene Roude Planéit sinn.
Dës Meenung ass vun de Medie grouss opgeholl ginn a weider gesponne ginn, an et entstoungen d'"Marsianer"-Manie an eng Rei vu Science-Fiction-Literatur. Eréischt duerch d'Raumsonden aus den 1960er-Jore goufen d'Canali als kënschtlech Struktur widderluecht.
Fir d'Planetologie ze begënschtegen, huet den Lowell am Joer 1894 d'Lowell-Observatoire zu Flagstaff, Arizona gegrënnt, wou intensiv Studien vum Mars, der Venus an deenen anere Planéiten souwéi der Mëllechstrooss duerchgefouert goufen. 1930 gouf do de Pluto entdeckt a krut - aus duebelem Grond – d'Ofkierzung "PL".
Zimlech séier hat de Lowell aus sengem Hobby eng erfollegräich Wëssenschaft gemaach. Et war him gelonge ganz gutt Fachleit (z. B. den A. E. Douglass) fir säin Institut ze gewannen. Bis haut huet säin Observatoire en ausgezeechnete Ruff a beschäftegt sech am Moment mat der Asteroide-Fuerschung.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Percival Lowell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
