Percy Heath

Vu Wikipedia
Percy Heath
Gebuer 30. Abrëll 1923
Wilmington
Gestuerwen 28. Abrëll 2005
Southampton
Doudesursaach Schankekriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Jazzmuseker, Pilot, Cellist

De Percy Heath, gebuer den 30. Abrëll 1923 zu Wilmington, N.C., a gestuerwen den 28. Abrëll 2005 zu Montauk op Long Island war en US-amerikaneschen Jazz-Bassist.

De Percy Heath ass zu Philadelphia opgewuess. Hie war deen eelste Jong vun engem Amateur Klarinettist. Allen dräi Bridder si spéider Profimuseker ginn. Nodeem hie vu Kand u Gei geléiert hat, huet hien 1946 als Schüler vun der Granoff School of Music zu Philadelphia ugefaange Bass ze spillen. 1947 ass e mat sengem Brudder Jimmy, engem Saxophonist a Komponist op New York City geplënnert, an 1950 hu se am Dizzy Gillespie senger Big Band gespillt.

1952 grënnt den Heath an dräi anerer aus der Gillespie-Rhythmusgrupp, den John Lewis (Piano), de Milt Jackson (Vibraphon) an de Batteur Kenny Clarke de Modern Jazz Quartet. Mat Ausnam vum Kenny Clarke, deen 1955 duerch de Connie Kay ersat gouf, bleift de Modern Jazz Quartet bis 1974 zesummen. Duerno huet de Percy Heath sech mat sengem Brudder Jimmy a mat deem jéngsten, dem Albert "Tootie", e Batteur, zesummegedoen, bis datt sech ufanks der 80er Joren de Modern Jazz Quartet erëm zesummefonnt huet. No dem Kay sengem Doud ass e vum Albert Heath ersat ginn.

Wéi de Percy 1974 ugekënnegt huet, hien hätt es genuch mat deem éiwege Reesen, huet de Quartett sech opgeléist.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • Percy Heath - 2004 - A Love Song - DADDY JAZZ
  • The Heath Brothers – Jazz Family – CONCORD 4846
  • The Heath Brothers – As we Were Saying – CONCORD 4777
  • The Modern Jazz Quartet - 1974 – The Complete Last Concert (LIVE) – ATLANTIC 81 976
  • The Modern Jazz Quartet - 1982 – Together Again at Montreux '82 – PABLO /Fantasy 2308244

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Percy Heath – Biller, Videoen oder Audiodateien