Pergola
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Pergola (Italienesch pergola, dat op dat laténgescht pergula zréckgeet = Virbau, Ubau) ass eng Konstruktioun aus Sailen an zu engem Flaachdaach geluechte Käfferen, déi meeschtens vu Kloterplanzen iwwerwuess gëtt.
Heefeg si Pergolaen als Ubau baussent dem Haus, als Iwwergank tëschent verschidde Gebaier oder fräi iwwert enger Terrasse ze fannen. Pergolae ginn och hei an do als Gestaltungselement vu Monumenter agesat, esou z. B. beim Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes. Déi éischt Pergolae ginn op mannst op d'Antiquitéit zréck.
Eng typesch Kloterplanz fir Pergolaen ass d'Rief. A Mëttelmierlänner gi kleng Wéngerten no beim Haus heefeg ganz mat Pergolaen ugeluecht.
Am alen Thermalbad Munneref stoung e Gebai, dat Pergola genannt gouf. Haut sinn do déi wuel gréisste Pergolae vum lëtzebuerger Land ze fannen, op deene vum Sosthène Weis ugeluechten Terrassen déi deemools tëschent dem Pavillon Kind, der Pergola an dem grousse Concertssall louchen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Pergolas – Biller, Videoen oder Audiodateien |