Perigeum
De Perigeum (nooste Punkt bei der Äerd) vun engem Himmelskierper ass den Zäitpunkt a seng Positioun vun den Apside par rapport zur Äerd.
- De Perigeum ass den nooste Punkt zu der Äerd.
- Den Apogeum bezeechent de gréissten Ofstand zu der Äerd.
Inhaltsverzeechnes |
Äerdmound [änneren]
Niewent Apogeum a Perigeum sinn och d'Moundphase souwéi d'Libratioun als „Torkelen“ ze beuechten. Beim Äerdmound ënnerscheede sech déi béid Distanzen (Perizentrumdistanz) ëm iwwer 13 Prozent, well d'Moundbunn eng däitlech elliptesch Form huet (Exzentrizitéit 0,055). Déi grouss Hallefachs vun der Bunn ass 384.405 km, d'Äerddistanz variéiert tëschent 356.410 an 406.740 km am Rhythmus vum Anomalistesche Mount. Duerch déi visuell Gréisst vun der Moundscheif ass d'Distanz och entscheedend fir d'Aart vun enger Sonnendäischtert: Fält den Termin vun der Däischtert zum Perigeum, ass den Äerdmound relativ grouss an d'Däischtert vollstänneg, beim Apogeum awer nëmme rankfërmeg.
Planéiten [änneren]
Bei Planéiten ass den Apogeum no bei der Oppositioun, widderhëlt sech also entspriechend der synodescher Period ongeféier all ?? (baussescht Planéiten) bis all zwee Joer (Mars). Dës Planéite baussescht der Äerdbunn ginn dann am Perigeum réckleefeg (Planéiteschläif). Déi synodesch Period vun de banneschte Planéiten ass mat ronn véier Méint (Merkur) resp. annerhalleft Joer (Venus) am Verhältnes däitlech méi kuerz.
Koméiten [änneren]
Bei Koméite kann de Perigeum no beim Perihel leien, bei schmuele Bunnellipsen awer och e puer Wochen bis Méint vir- oder duerno. Déi genee Situatioun hänkt vun der Bunnschréicht géint d'Ekliptik a virun allem vun der Äerdstellung zum Perigeum of. Beim Koméit Machholz (Ëmlafzäit 120.000 Joer) leien dës zwéin Zäitpunkten ongeféier 20 Deeg auseneen, an déi zwou Distanze bedroen 0,347 resp. 1,205087 AE. Kënnt e Koméit vun der Äerdsäit hir, läit säi Perigeum dann op der anerer Säit vun der Sonn an déi klengst Distanz ass meeschtens iwwer 1 AE.
Asteroiden [änneren]
Asteroide mat engem Perigeum dee méi kleng ass wéi de Moundbunnradius bezeechent een als Äerdbunnkräizer. Hir Observatioun a Kartéierung ass e wichtege Projet: E Perigeum vu manner wéi een Äerdradius bedeit een Impakt (Aschlag op der Äerduewerfläch).
Raumfaart [änneren]
Satellite gi bei groussem Perigeumverhältnes zum mëttlere Bunnradius (grouss Exzentrizitéit) als Highly-Elliptical-Orbit-Satellit (HEO) bezeechent.
Literatur [änneren]
- (en) John Walker: Inconstant Moon. The Moon at Perigee and Apogee. (Weblink,)