Perl (Programméiersprooch)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Programming Republic of Perl Logo

Perl ass eng villfälteg Programméiersprooch an steet fir Practical Extraction and Reporting Language.

Fir aner Bedeitunge vun deem Begrëff, kuckt Perl (Homonymie).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Allgemenges

D'Sprooch ass an de Mëtt-Uechtzegerjoeren vum Larry Wall entwéckelt gi wéi hie probéiert huet, eng Usenet-aarteg Hierarchie vun Dateie fir e bug-reporting System ze schreiwen, wou Awk, eng aner performant Programméiersprooch, einfach net méi duergaangen ass.

[änneren] Syntax

D'Syntax berout op praktesche Konditiounen. Dat heescht am Fong näischt anescht wéi datt den Larry Wall aus ville verschiddene Programméiersproochen dat bescht zesummegesicht, an dunn implementéiert huet. Déi 3 wuel bekannteste Sproochen, déi als Virlag gëlle kënne, sinn C, Sed an Awk.

[änneren] Verbreedung

Perl ass eng vun de meeschtgebrauchte Sproochen déi bei CGI benotzt gëtt, a gëtt dowéinst gären als Sprooch déi d'Web zesummenhält betitelt.

[änneren] Bicher iwwer Perl

Déi meescht gutt Perl Bicher kommen aus dem O'Reilly Verlag. Opzeziele wieren:

  • Learning Perl
  • Perl Cookbook
  • Programming Perl

Méi Unwendungs-spezifesch awer och ganz interessant sinn:

  • Perl & XML an
  • Perl for Web Site Management

[änneren] Spawecklinks

Commons: Perl (programming language) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen