Perl oder Pica (Film)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen zum Film

Plakat PerlOderPica.jpg

Filmdaten
Originaltitel: Perl oder Pica
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Éisträich
Première: 2006
Dauer: 90 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Equipe
Regie: Pol Cruchten
Dréibuch: Viviane Thill
François Dupeyron
Kamera: Jerzy Palacz
Musek: Angélique Nachon
Jean-Claude Nachon
Produzent: Red Lion
Amour Fou
Haaptacteuren: Ben Hoscheit als Norbi Welscheid
André Jung als Papp
Nicole Max als Mamm
Anouk Wagener als Josette
Thierry van Werveke als Pendelmeyer
Luc Feit als Schoulmeeschter Treines
Myriam Muller als Tatta Zëss
Marcello Mazzarella als Här Pinato
Elena Arvigo als Mme Pinato
Johannes Silberschneider als Här Paschulke
Steve Karier als Geeschtlechen
Loïc Peckels als Aloyse
Yan Gillen als Fred
Sam Hanbury als Guy Treines
Christiane Rausch als Schwëster Bernadette
Claire Thill als Schwëster Maria
Gintare Parulyte als Marie-Lou
Filmportal - Film no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Perl oder Pica ass e Film vum lëtzebuergesche Regisseur Pol Cruchten, deen am Summer 2005 gedréint gouf an den 12. Oktober 2006 Avant-Première am Kino Utopolis hat. Et ass eng Verfilmung vum Buch mam selwechten Numm vum Jhemp Hoscheit.

D'Haus an der Escher Origer-Strooss, dat als Set fir d'"Papeterie Welscheid" gedingt huet.

Ëm wat geet et am Film ?[änneren | Quelltext änneren]

1962: D'Liewe vum Norbi Welscheid, engem 12 Joer ale Bouf vun Esch-Uelzecht, spillt sech tëscht sengem Papp senger Papeterie, der Schoulbänk an der Kierch of. Mä langweileg gëtt et ëm dofir nach laang net: D'Kubakris kënnt iwwer Radio an d'Stuff eran, e Muerd geschitt, an da sinn do déi mystériéis "P"en, déi säi Papp heiansdo an e Buch schreift, an all déi onausgeschwate Saachen aus der Zäit vum Zweete Weltkrich an iwwer d'Sexualitéit, déi de Jong virwëtzeg maachen, an iwwer déi e gäre méi wéisst ...

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Dëst an dat[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf vu ronn 18.000 Leit am Kino gesinn.[1]

De Ben Hoscheit, deen den Haaptpersonnage Norbi Welscheid spillt, ass de Jong vum Jhemp Hoscheit. Béid leeë Wäert drop, festzestellen, datt d'éisträichesch Koproduzenten, déi de Choix vun de Schauspiller gemaach hunn, näischt vun dëse Familljerelatioune woussten.

Déi aktuell Escher Epicerie an där Zeene gedréit goufen

D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jhemp Hoscheit: Perl oder Pica. Vum Buch zum Film. Eng Chronik 1996-2006. Wéi aus engem lëtzebuergesche Roman e lëtzebuergesche Film gëtt... GalerieDok 1, Editions du Centre Culturel de Differdange, 2009, ISSN 2076-8060.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]