Roland Peusch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Perol)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Roland Peusch, gebuer den 19. Mee 1946 zu Lëtzebuerg, [1] ass e lëtzebuergeschen Zauberkënschtler, Schauspiller, Moler a Museker, deem säi Kënschtlernumm Perol (Pe-usch Rol-and) ass.

Hien huet Lëtzebuerg um Congrès Européen de la Magie zu Antibes-Juan-les-Pins 1998 vertrueden, a war um Congrès Mondial de la Magie zu Lissabon am Juni 2000.

1983 ass de Roland Peusch zu Böblingen mam Zauberstab ausgezeechent ginn. Hien hat iwwert e puer Joer Optrëtter am Varieté-Programm vun der Nationallotterie an och bei RTL Télé Lëtzebuerg.

De Roland Peusch ass Grënnungsmember a fréiere President vum Magica Club Lëtzebuerg.

[änneren] Referenzen

  1. G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 334.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht