Persesche Golf

Vu Wikipedia

De Persesche Golf (Persesch خلیج فارس, Arabesch: الخليج الفارسي) ass en Niewemier vum Indeschen Ozean tëscht der Arabescher Hallefinsel an dem Iran (fréier Persien genannt). En huet eng Uewerfläch vu ronn 233.000 km² an ass relativ flaach (gréissten Déift: zirka 100 m). En ass duerch d'Strooss vun Hormus mam Golf vum Oman a vun do mam Arabesche Mier, resp. dem Indeschen Ozean verbonnen. D'westlecht Enn vum Golf ass markéiert duerch d'Flossdelta vum Shatt al-Arab (Arvandrud), wou d'Stréim Euphrat an Tigris mënden. Well relaiv wéineg Séisswaasser dra leeft, a relativ vill Waasser verdonst, ass d'Salinitéit (Salzgehalt) mat zirka 4 % iwwerduerchschnëttlech héich.

D'Länner ronderëm de Persesche Golf sinn, dem Auerzär no: Oman, d'Vereenegt Arabesch Emirater, Saudiarabien, Katar, den Inselstaat Bahrain, Kuwait, den Irak an den Iran. D'Géigend ronderëm de Persesche Golf ass wéinst dem héije Pëtrolvirkommes vu grousser geopolitescher Bedeitung a war a rezenter Vergaangenheet den Theater vun dräi sougenannte Golfkricher.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Persian Gulf – Biller, Videoen oder Audiodateien