Perseus (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Perseus |
| Laténgeschen Numm | Perseus |
| Laténgesche Genitiv | Persei |
| Laténgesch Ofkierzung | Per |
| Positioun | Mëllechstrooss |
| Rektaszensioun | 1h 25m bis 4h 45m |
| Deklinatioun | +31° bis +59° |
| Fläch | 651 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 35° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
5 |
| Hellste Stär, Gréisst |
Alpha Persei (Mirfak) 1,79m |
| Meteorstréim | Perseiden September-Perseiden |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerrzäresënn) |
Cassiopeia Andromeda Triangulum Aries Taurus Auriga |
De Perseus ass e Stärebild vum nërdlechem Himmel.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung[änneren]
D'Stärebild soll d'Gestalt vum griicheschen Held Perseus duerstellen, deen déi déidlech Medusa meeschter gouf. D'Stäre Mirfak, δ, ε an ζ maachen de Kierper an e Been vum Perseus. D'Stäre Algol an de ρ repräesentéieren den ofgeschloene Medusekapp, dat hien an der Hand hält.
De Perseus ass an eise Breeden deelweis zirkumpolar, d. h., dat ganzt Joer iwwer siichtbar. Besonnesch gutt kann een d'Stärebild am Hierscht observéieren, well hien dann héich iwwert dem Horizont steet.
Duerch d'Stärebild zitt sech d'Mëllechstrooss. Am Perseus befannen sech interessant Observatiounssobjete, wéi den oppene Stärekoup M 34 an dem Duebelstärekoup h an de Chi Persei.
Geschichte[änneren]
De Perseus gehéiert zu den 48 klassesche Stärebille, déi vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Schonns am Mëttelalter haten arabesch Astronomen déi eegenarteg Verdonklung vum Stär Algol observéiert. Den Numm leet sech aus dem arabeschen al Ras al Ghul of a bedeit "Kapp vum Dämon“.
Himmelsobjeten[änneren]
Stären[änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 33 | Alpha Persei, Mirfak, Marfak, Algenib | 1,79m | 592 | |
| β | 26 | Algol | 2,12 bis 3,39m | 93 | B8 V |
| ζ | 44 | Menkib | 2,83m | 983 | B1 Ib |
| ε | 45 | 2,90m | 538 | B0.5 V | |
| γ | 23 | 2,91m | 256 | G8III | |
| δ | 39 | 3,01 | 528 | B5 III SB | |
| ρ | 25 | Gorgonea Tertia | 3,2 bis 4,1m | 325 | M3 III |
| η | 15 | Miram | 3,77m | 1331 | K3 Ib |
| ν | 41 | 3,77m | 557 | F5 II | |
| κ | 27 | Misam | 3,79m | 112 | K0III |
| ο | 38 | Atik | 3,84m | 1476 | B1 III |
| τ | 18 | 3,93m | 248 | G4 III | |
| MX | 3,96m | 554 | B3 Ve | ||
| ξ | 46 | Menchib | 3,98m | 1773 | O7.5 Iab |
| φ | 4,01m | 717 | B2Vpe | ||
| ι | 4,05m | 34 | G 0V | ||
| θ | 4,10m | 37 | F7V | ||
| μ | 4,12m | 723 | G0 Ib | ||
| 16 | 4,22m | 128 | F2 III | ||
| 58 | 4,25m | 642 | G8 II | ||
| λ | 4,25m | 347 | A0 IVn | ||
| ψ | 4,32m | 700 | B5 Ve | ||
| σ | 4,36m | 353 | K3 III | ||
| 17 | 4,56m | 409 | K5 III | ||
| b | 4,60m | 318 | A2 V | ||
| ω | Gorgonea Quarta | 4,61m | 305 | K1III | |
| 34 | 4,67m | 559 | B3V | ||
| 52 | 4,67m | 627 | G5 II | ||
| π | Gorgonea Secunda | 4,68m | 326 | A2 Vn | |
| k | 4,77m | 205 | K0 II-III | ||
| V469 | 4,80m | 464 | B4 IV | ||
| HR 991 | 4,85m | 1476 | K2 III | ||
| 12 | 4,91m | 81 | F9 V | ||
| 54 | 4,93m | 226 | G8 III | ||
| 24 | 4,94m | 350 | K2 III | ||
| 32 | 4,96m | 155 | A3 V | ||
| 40 | 4,97m | 924 | B0.5 V | ||
| HR 1034 | 4,99m | 570 | B5 V | ||
| 4 | 4,99m | 740 | B8 III | ||
| HR 969 | 5,04m | 834 | G5 II | ||
| 31 | 5,05m | 481 | B5 V | ||
| LT | 5,10m | 387 | B9p | ||
| V467 | 5,14m | 298 | A3 V | ||
| 29 | 5,16m | 528 | B3 V | ||
| V474 | 5,16m | 2052 | A2 Ia | ||
| 43 | 5,28m | 133 | F5 IV | ||
| 59 | 5,30m | 271 | A1 Vn | ||
| 36 | 5,30m | 119 | F4 III | ||
| HR 1011 | 5,32m | 625 | B5V | ||
| 20 | 5,34m | 235 | F4 V | ||
| HR 1207 | 5,39m | 845 | B6 V | ||
| 14 | 5,43m | 693 | G0 Ib | ||
| HR 1330 | 5,46m | 259 | A7 V | ||
| HR 885 | 5,47m | 558 | G4p | ||
| V396 | 5,47m | 586 | B8 IIIp Mn | ||
| 30 | 5,49m | 645 | B8 V | ||
| HR 1215 | 5,49m | 971 | B1.5 V |
Den α Persei ass den hellste Stär am Perseus a läit 592 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat dem 62fachen Duerchmiesser an der 5000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den arabeschen Numm Mirfak bedeit „Iëlebou“.
Duebelstären[änneren]
| System | Gréissten | Ofstand |
|---|---|---|
| ε | 2,9 / 7,4m | 8,8" |
| ζ | 2,9 / 9,4m | 12,9" |
| η | 3,9 / 8,5m | 28" |
| 57 | 6,1 / 6,8m | 122" |
Den ε Persei läit op enger Distanz vun 538 Liichtjoer an ass en Duebelstär.
983 Liichtjoer wech läit e weidert Duebelstäresystem ζ Persei. D'System gehéiert zu enger OB-Associatioun vu Stären, déi och als II Perseus bezeechent ginn. All Memberen vun dëser Associatioun sinn extrem liichtkräfteg bloelzeg a wäisselzeg Stäre vun de Spektralklassen O an B.
Verännerlech Stären[änneren]
| Stär | Gréisst | Period | Typ |
|---|---|---|---|
| β | 2,12 bis 3,39m | 2,867 Deeg | Bedeckungsverännerlecher |
| ρ | 3,3 bis 4,0m | ca. 40 Deeg | hallefregelméisseg Verännerlechen |
Den Algol (β Persei), den zweethellste Stär am Perseus, verännert seng Hellegkeet regelméisseg iwwert en Zäitraum vun 2 Deeg an 21 Stonnen. Den Hellegkeetsoffall gëtt duerch e liichtschwaache Begleetstär verschëllt, dee virun deem hellen Haaptstär laanscht zitt. Den Algol gëtt dem Typ vu Bedeckungsverännerleche Stären säin Numm.
Den Algol representéiert d'A vun der mythologescher Medusa.
De ρ Persei ass e Roude Ris. deen 325 Liichtjoer vun eis ewech ass. Seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitraum vu ronn 33 bis 40 Deeg.
Messier- an NGC-Objeten[änneren]
| Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|---|
| 34 | 1039 | 6m | Oppene Stärekoup | ||
| 76 | 650 | 9,0m | Planetareschen Niwwel | Klengen Hantelniwwel | |
| 744 | 7,9m | Oppene Stärekoup | |||
| 869 | 4,5m | Oppene Stärekoup | h Persei | ||
| 884 | 4,5m | Oppene Stärekoup | Chi Persei | ||
| 1342 | 6,7m | Oppene Stärekoup | |||
| Tr 2 | 5,9m | Oppene Stärekoup | |||
| Mel 20 | 1,2m | Oppene Stärekoup | |||
| 957 | 7,6m | Oppene Stärekoup | |||
| 1333 | 5,6m | Reflexiounsniwwel | |||
| 1444 | 6,6m | Oppene Stärekoup | |||
| 1499 | 5,0m | Gasniwwel | Kalifornienniwwel | ||
| 1528 | 6,4m | Oppene Stärekoup | |||
| 1545 | 6,2m | Oppene Stärekoup | |||
| 1582 | 7,0m | Oppene Stärekoup |
De M 34 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer.
Déi zwéin Nopeschstärekéip h an Chi Persei kënne schonns mam bloussen A als e niwwelege Fleck gesi ginn. Si sinn op enger Distanz vun 7.500 Liichtjoer.
De M 76, e plantereschen Niwwel, ass den Iwwerrescht vun engem Stär op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.
Den Oppene Stärekoup Melotte 20 (α Persei-Grupp) ass déi opfällegst Usammlung vu Stären ëm den Haaptstär Mirfak. Ähnlech wéi d'Hyaden mécht déi Grupp ee Bewegungskoup (kuckt och Stärestroum) an ass en Deel vun enger OB-Associatioun.
Den NGC 1499 ass en Emissiounsniwwel, deem seng Form un den US-Staat Kalifornien erënnert. Hie gëtt dofir och “Kalifornienniwwel” genannt.
Meteorstréim[änneren]
Am Perseus läit de Radiant vum Meteorstroum vun de Perseiden, dee säi Maximum ëm den 12. August all Joer erreecht.
Doriwwer eraus existéiert nach e schwaache Meteorstroum, d'September-Perseiden.
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
- (de) [1]
| Commons: Perseus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |