Perseuskoup

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Röntgen-Foto vun der Zentralregioun vum Perseuskoup duerch de Chandra-Teleskop

De Perseuskoup (Abell 426) ass e Galaxiëkoup am Stärebild Perseus an ass ongeféier 240 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Seng mëttel Radialvitesse ass ronn 5400 Kilometer pro Sekonn. Et ass ee vun de nächste grousse Galaxiëkéip a faasst ongeféier 500 bis 1000 Galaxien, déi sech um Himmel iwwer e Gebitt mat engem Duerchmiesser vu ronn 15° verdeelen. Hie besteet virun allem aus gielzegen ellipteschen a lënsefërmege Galaxien an huet eng geschat Totalmass vun 2×1015 Sonnemassen[1]. Nom Schema vun Rood a Sastry (RS-Schema) gëtt de Koup duerch seng laanggestreckt Form als Typ L klassifizéiert.

Am Perseuskoup ass ënner anerem déi staark Radioquell Perseus A (3C 84), déi mat der riseger cD-Galaxis NGC 1275 am Zentrum vum Koup assoziéiert ass. Dat relativistescht Plasma am Zentrum vum Koup ëm den NGC 1275 ass och d'Quell vu staarker Röntgenstralung, déi de Perseuskoup zum hellste Galaxiëkoup an deem Spektralberäich maachen.

Astronomen hunn 2003 am Zentrum vum Galaxiëkoup deen zu deem Zäitpunkt déifste gemoossenen akusteschen Toun am Universum entdeckt[2] an hu sou fir eng Sensatioun gesuergt. No 53 Stonnen Observatioun duerch d'Weltraum-Röntgenteleskop Chandra konnten d'Fuerscher Klangwelle bannenzeg vum relativistesche Gas ausmaachen, dat e risegt schwaarzt Lach am Kär vum Koup aschléisst. D'Wellelängt ass nom Toun B, 57 Oktaven ënner dem agestrachenen C.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]