Peschmillen

Vu Wikipedia
An der Mëtt vum Bild d'Plaz wou fréier d'Peschmille stoung, vun der Ënneschtgass vum Haff Beim Riterchen aus fotograféiert. Hannendrun d'Atertlinn

D'Peschmille war eng Millen zu Kënzeg déi laanscht d'Falterbaach stoung, ongeféier um hallwe Wee tëscht der Schwämm (Rue de la Gare), an dem Pad (Rue des Prés). Op Loftopnamen ass den Tracé vum Millegruef nach gutt z'erkennen.

Schrëftlech gëtt d'Mille fir d'éischt am Grondbuch vum Grof vu Lëtzebuerg, tëscht 1317 an 1322 ernimmt. D'Pacht vun der Millen huet deemools siwe Malter Kar an ee Schwäi kascht.

1651 huet de Charel vu Schauwebuerg, deen och Här vu Berwart war, dem Antoine Blanchart, Här vun Talange a senger Fra Catherine d'Everlange, seng Gidder, Renten a Rechter, an d'Hallschent vun der Millen zu Këntzeg fir 2.700 Daler verkaaft. Dokument gouf deemools mat ënnerschriwwe vum Louis de Marche.

Aus engem Pachtvertrag vu 1668 geet ervir datt d'Millen deemools enger gewësser Marie Zorn als Pand gehéiert huet. An deem Dokument steet, datt si dem Johann Ditgen an dem Thimmes Clesgen vu Kënzeg all hir Léingidder a Gebaier déi si als Pand hat, mat Ausnam vun der Mille verlount.

1684 verpachten de Jean Ferdinand Blanchart an d'Marie Zorn dem Nikolaus Zimmermann a senger Fra Barbara d'Millen. D'Verhandlungen haten dräi Joer geschleeft, an de Jean Ferdinand Blanchart war an der Tëschenzäit gestuerwen, soudatt seng Wittfra Marie-Jeanne d'Everlange zesumme mat der Marie Zorn ënnerschriwwen huet.

Vu 1698 besteet e Pachtvertrag tëscht dem Nikolaus Zimmermann an der Wittfra Blanchart op deem d'Priorin Marie-Louise d'Everlange vum Hospice Saint-Jean am Stadgronn mat ënneschriwwen huet.

Am Joer 1700 verkafen d'Wittfra Blanchart an hire Bouf een Zwieleftel vun der Millen, an eng Parti vum Zehnten fir 300 Patagonen.

Den Nicolas Meyers vu Kënzeg lount d'Millen 1743 an engem Kontrakt op 90 Joer. De Pachtzëns ass 2 Malter Weess an 2 Malter Kar.

Déi lescht schrëftlech Donnéeë si vum Kadasterplang vun 1824. Op deem ass d'Peschmühl als klengt Gebai agezeechent an de Proprietär war den Nicolas Pruster.

Koordinate vun der Plaz wou d'Mille stoung: 49° 35’ 50’’ N 05° 52’ 43’’ O