Petavius (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eegeschaften
Breet -25.42 Grad Süd
Längt 60.76 Grad Ost
Duerchmiesser 184.06 km
Déift 3330 m
Genannt 1935 nom Denis Pétau (1583-1652)
Krater Petavius (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Petavius mat der Rimae Petavius (Foto: Lunar Orbiter IV)

De Petavius ass en Aschlagkrater um Äerdmound. E läit um südëstleche Rand vum Mare Fecunditatis, südlech vum Langrenus an nërdlech vum Furnerius. De Petavius ass mat iwwer 180 km Duerchmiesser e grousse Krater mat markantem, terrasséierte Rampli an engem Zentralbierg. E gehéiert zum Typ vum floor-fractured crater a gouf vum Peter H. Schultz der Klass I zougeleet.[1] D'Magma dat am Kraterzentrum eropkoum, huet en etlech Rëss verursaacht, déi sougenannt Rimae Petavius oder Petavius-Rillen, e System vu Moundrille mat dräi opfällegen Haaptrillen.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Petavius Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
A 26.0° S 61.6° E 5 km
B 19.9° S 57.1° E 33 km
C 27.7° S 60.1° E 11 km
D 24.0° S 64.4° E 17 km

De Krater gouf 1935 vun der IAU nom franséische Jesuit Denis Pétau genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. P. H. Schultz: Floor-fractured lunar craters. In: The Moon. Bd. 15 (1976), S. 242