Peter Apian

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Peter Apian

De Peter Apian / Petrus Apianus ass gebuer de 16. Abrëll 1495 zu Leisnig; a gestuerwen den 21. Abrëll 1552 zu Ingolstadt. Hie war en däitsche Renaissancegeléierten, dee sech duerch villsäiteg wëssenschaftlech an schrëftlech Schaffen auszeechent.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Säi richtegen Numm war Peter Bennewitz oder Bienewitz ('Biene-witz' am Sënn vun "Bienen-dorf"; lat. apis = Biene = Bei).

Den Apian war Mathematiker, Astronom, Geograph a Kartograph an huet an dësen Eegeschaften d'Gonscht vum Keeser Karl V. kritt, deen hien a senge Bridder (Georg, Gregor an Niclas) den 20. Abrëll 1541 op dem Räichsdag vu Regensburg geadelt huet. Nëmmen e bëssche méi spéit gouf den Apian zum Hofpfalzgrof ernannt.

Den Apian huet op den Universitéiten zu Leipzig an zu Wien studéiert. Hie gouf 1527 Professer vun der Mathematik zu Ingolstadt, obwuel hien nëmmen zum Bakkalaureus graduéiert war.

Den Apian huet eng Method entwéckelt, fir d'geographesch Längte mat Hëllef vun de Mounddistanzen ze moossen. Am Joer 1527 huet hien als éischten Europäer, virum Blaise Pascal, eng Variant vum Pascal-Dräieck verëffentlecht, dat scho vun de chineseschen Astronome benotzt gouf. Hien huet och 1531/32 duerch Observatiounen erausfonnt, datt de Schwanz vun de Koméiten diametral vun der Sonn ewechweist. Obwuel am Joer 1531 och de Girolamo Fracastoro zu Verona dat och entdeckt huet, war de Peter Apian op d'mannst deen éischten, deen dat Phenomen graphesch duergestallt huet.

De Peter Apian ass de Papp vum Philipp Apian.

E puer vu senge Verëffentlechungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Cosmographicus Liber. (Landshut 1524)
  • Instrument Buch. (1533)
  • Astronomicum Caesareum. (1540)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]