Peter Deilmann Reederei

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Flossschëff Dresden op der Elbe

D'Peter Deilmann-Reederei ass eng däitsch Reederei mat Sëtz zu Neustadt in Holstein un der Ostséi. D'Reederei, déi a Croisièrë spezialiséiert ass, transportéiert zesumme ronn 50.000 Passagéier op zéng Schëffer an huet Joer en Ëmsaz vu 100 Mio. Euro. Mam Equipage vun hire Schëffer beschäftegt déi Reederei 900 Persounen aus der ganzer Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entreprise gouf 1968 vum Peter Deilmann gegrënnt, dee si bis zu sengem Doud am November 2003 och selwer geleet huet. Duerno hu seng zwou Diechter, d'Gisa an d'Hedda , d'Leedung iwwerholl. Fir d'éischt ware bis zu zéng Frachtschëffer fir d'Reederei op alle Weltmierer ënnerwee, ier den Deilmann op d'Passagéierschëfffahrt ëmgeschwenkt ass. Déi éischt Croisièrë goufen an de Grënnerjoeren mat der Nordbrise vun Neustadt aus ënnerholl an zwar an déi deemoleg DDR, Polen a Grönland.

Am Joer 1979 huet de Peter Deilmann seng Aktvitéit um Passagéier-Gebitt dunn ausgebaut an huet de Bau vun engem eegene Croisièresschëff, der MS Berlin, bei der HDW zu Kiel an Optrag ginn. 1986 gouf d'Berlin vergréissert a vun do u gouf déi populär TV-Serie Das Traumschiff op hir gedréint. 2004 huet den Deilmann d'Berlin allerdéngs opginn. Si fiert haut, no hirem Ëmbau, ënner dem Numm „Spirit of Adventure“.

Am Joer 1983 huet hien dunn dat éischt Croisièresschëff fir Flossreesen, d'Donauprinzessin kaaft an domat Flosscroisièren a seng Aktivitéiten abezunn.

Hien huet uschléissend Flossschëffer bäikaaft an d'Flosscroisièren an engem internationale Geescht baussent Däitschland um Rhône der Saône an 2001 och um Po a seng Programmer abezunn.

E Groussseegler fir Passagéier, d'Lili Marleen, ass 1994 derbäikom. 1996, huet hien d'MS Deutschland an Optrag ginn, déi 1998 vum fréiere Bundespresident Richard von Weizsäcker gedeeft an dunn als Flaggschëff a seng Flott agegliddert gouf. Dat neit Schëff huet och d'Roll vun der Berlin an der TV-Serie Das Traumschiff iwwerholl.

Flott[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]