Peter Fox

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Peter Fox am Joer 2009

De Peter Fox, gebuer den 3. September 1971 zu Berlin als Pierre Baigorry, och bekannt als Enuff a Pete Fox, ass en däitsche Reggae- an Hip-Hop-Museker. Hie gouf bekannt duerch seng Band Seeed, als Peter Fox kennt een hien awer eréischt zënter senger Solokarriere.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

A senger Kandheet huet de Peter Fox ugefaang Blockflütt a Piano ze spillen. Hie war och am Schönower Posaunenchor vertrueden. Hien huet d'Französiches Gymnasium zu Berlin besicht, huet säin Abitur allerdéngs ob enger anerer Schoul gemaach. Hien huet eng Léier als Klavierbauer gemaach, déi en awer spéider ofgebrach huet. Hien huet och nach e Musekstudium an eng Sonderschulpädagogik ugefaang, mam Zil Sonderschullehrer fir behënnert Leit ze ginn.

2001 hat de Peter Fox eng Gesichtslähmung, déi leider ze spéit erkannt gouf an och haut nach ze erkennen ass, wann hie sengt. 1998 ass hien der Popgrupp Seeed bäigetrueden, mat der hien groussen Erfolleg genéisse konnt. 2007 huet hie mat senger Solocarrière ugefaangen. Säin éischten a leschten Album Stadtaffe gouf am September 2008 parallel zur éischter Single "Alles Neu" verëffentlecht.

Et goufen nach 2 weider Singelauskopplunge verëffentlecht: "Haus Am See" an "Schwarz Zu Blau". Mat dësem Titel war hien um Bundesvision Songcountest fir Berlin vertrueden an huet däitlech déi 1. Platz erreecht. Net all ze laang dono huet de Peter Fox verëffentlecht, datt hie seng Solokarriere no senger Tournee ophalen wëll, well him de Rummel ëm seng Persoun ze grouss gouf.

Hie géif zréck bei Seeed goen an mat hinnen am Joer 2010 en neien Album erausbréngen.

Discographie [änneren]

Albumen [änneren]

Joer Titel Chartplatzéierung
2008 Stadtaffe DE: 1
CH: 1
AT: 4

Singles [änneren]

Joer Titel Chartplatzéierung
2008 Alles Neu DE: 4
CH: 49
AT: 11
2008 Haus Am See DE: 8
CH: 16
AT: 6
2009 Schwarz Zu Blau DE: 3
AT: 36
CH: 17

Um Spaweck [änneren]

Commons: Peter Fox – Biller, Videoen oder Audiodateien