Peter Johannes Brandl

Vu Wikipedia
Peter Johannes Brandl
Gebuer 24. Oktober 1668
Prag
Gestuerwen 24. September 1735
Kutná Hora
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Moler, Zeechner
Autoportrait, géint 1720

De Peter Johannes Brandl oder och Jan Petr Brandl gebuer de 24. Oktober 1668 zu Prag a gestuerwen de 24. September 1739 zu Kuttenberg ass en däitsch-béimesche Moler aus dem Spéitbarock.

De Brandl war gebierteg aus dem Sudeteland am Kinnekräich Béimen an deem d'Elite vun den Awunner Däitscher waren. Hien huet seng Léier tëscht 1683 a 1688 beim Kristián Schröder (1655–1702) gemaach.

De Brandl benotzt a senge Biller eng staark accentuéiert Helldäischter-Molerei mat décke Farfcouchen an dramatesche Kompositiounen am barocke Stil.

An der Nationalgalerie zu Prag (Národní galerie v Praze) ass him e ganze Sall reservéiert ginn wou ënner anerem eng Apostelbüst vun him 1725 ausgestallt ass.

De Peter Johannes Brandl ass wäitleefeg Famill mat den zwéin zäitgenëssesche Moler, dem Éisträicher Herbert Brandl an dem Schwäizer Mark Staff Brandl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Johann Brandl – Biller, Videoen oder Audiodateien