Peter Lohmeyer

Vu Wikipedia
Peter Lohmeyer
Gebuer 22. Januar 1962
Niedermarsberg
Nationalitéit Däitschland, Westdäitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie

De Peter Lohmeyer, gebuer den 22. Januar 1962 zu Niedermarsberg, ass en däitsche Schauspiller.

De Peter Lohmeyer huet tëscht 1982 an 1984 op der Schauspielschule Bochum d'Schauspillerei geléiert. 1984 huet en am Schauspielhaus vu Bochum seng éischt Rolle gehat. Duerno koumen Engagementer an den Theateren zu Düsseldorf, Stuttgart, Hamburg a Berlin. 1983 huet e seng éischt Roll an engem Tëleesfilm gespillt, an 1988 (mat Tiger, Löwe und Panther) an engem Kinosfilm.

Hie gouf absënns bekannt fir seng Rollen an der Serie Die Straßen von Berlin (1995 bis 1998) an am Film Das Wunder von Bern (2003, vum Sönke Wortmann).

2006 hat en d'Haaptroll am Andy Bausch sengem Film Deepfrozen.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • Deepfrozen (2006) vum Andy Bausch
  • Vineta (2006)
  • Oktoberfest (2005)
  • Am Tag als Bobby Ewing starb (2005)
  • Der Boxer und die Friseuse (2004) (TV)
  • Der Wunschbaum (2004) TV-Serie
  • Das Wunder von Bern (2003)
  • Vater braucht eine Frau (2002) (TV)
  • Geld macht sexy (2002) (TV)
  • Der Elefant in meinem Bett (2000) (TV)
  • Pauls Reise (1999)
  • Zugvögel - einmal nach Inari (1998) vum Peter Lichtefeld
  • Nighthawks (1998)
  • Obsession (1997)
  • Kondom des Grauens (1996)
  • Internationale Zone (1994)
  • Kaspar Hauser (1993)
  • Hausmänner (1991)
  • Neuner (1990)
  • Spieler (1990)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

1998 krut de Lohmeyer d'Filmband in Gold fir Zugvögel - einmal nach Inari an 2000 de Bayeresche Fernseepräis fir Der Elefant in meinem Bett.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Lohmeyer – Biller, Videoen oder Audiodateien