Peter Paul Rubens
De Peter Paul Rubens, gebuer den 28. Juni 1577 zu Siegen a Westfalen a gestuerwen, den 30. Mee 1640 zu Antwerpen war e flämesche Moler.
De Peter Paul Rubens war de Jong vun engem op Siegen emigréierten Affekot vun Antwerpen. Vun 12 Joer un ass hien an der Heemechtsstad vu sengem Papp opgewuess an hien huet eng grouss kënschtleresch an humanistesch Ausbildung kritt.
Mat 21 Joer huet de Rubens sech selbstänneg gemaach an hien ass am Joer 1600 an Italien gaangen. Do war hien als Moler an als diplomatesche Vertrieder aktiv.
Am Novemer 1608 ass hien aus familiäre Grënn op Antwerpen zréckkomm an hien huet dunn och do eng ganz Rei Opträg an Éierunge kritt. Hien huet do e grousse Molatelier agericht.
|
D'Erzéiung vun der Maria de Medicis, Kinnigin vu Frankräich, gemoolt tëschent 1621 an 1625 am Palais du Luxembourg
|
Portrait-Galerie[änneren]
-
Marie de Médicis, (1622-1625)
-
Hélène Fourment, (1630-1631)
-
Isabella Brant, (1625)
-
Charles le Téméraire, (1618)
-
L'Infante d'Espagne, (1610).
Barock-Galerie[änneren]
Literatur[änneren]
- Muray, Philippe: La Gloire de Rubens, Grasset, 1991
- Rubens: Correspondance, Paris, 2006
- Scribner III, Charles: Rubens, Le Cercle d'art, 1993
- Rooses, Max: Rubens, sa vie, ses œuvres, Flammarion, keen Datum, (Ufank XX. Joerhonnert)
- Diwo, Jean: La chevauchee du Flamand, J'ai Lu, 2006.
| Commons: Rubens – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck[änneren]
- Expositioun Rubens 2004
- Vidéo-Konferenz iwwer d'Thema: "La couleur chez Rubens"
- (en) Rubens an der Artcyclopedia