Peter Zadek

Vu Wikipedia
Peter Zadek
Gebuer 19. Mee 1926
Berlin
Gestuerwen 30. Juli 2009
Hamburg
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Theaterregisseur, Filmregisseur, Iwwersetzer, Dréibuchauteur
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste

De Peter Zadek, gebuer den 19. Mee 1926 zu Berlin a gestuerwen den 30. Juli 2009 zu Hamburg, war en däitsche Film- an Theaterregisseur, dee bekannt war fir seng onkonventionell Inszenéierungen, ë. a. vu Shakespeare- an Tschechow-Stécker.

De Peter Zadek ass 1933, nodeem d'Nazien an Däitschland un d'Muecht komm waren, mat senger Famill an England emigréiert, wou en nom Krich um Old Vic Theater studéiert huet. Säin Debut als Regisseur hat e mam Oscar Wilde sengem Salomé. Nodeem en eng zéng Joer an Englandals Regisseur geschafft hat, ë. a. och fir d'BBC, ass en 1958 hannescht an Däitschland gaangen.

Do huet hien, fir d'éischt zu Köln, dann ë. a. zu West-Berlin an zu Bremen geschafft. Hie war1972-1979 Intendant vum Schauspielhaus Bochum (1972-1979) a vum Deutsches Schauspielhaus zu Hamburg (1985-1989). Vun 1990 u war hie fräie Regisseur an huet mat ze soen alle groussen däitsche Bünen zesummegeschafft. Hie war zanter 1991 hie Member vun der Deutsche Kunstakademie an zanter 1993 vum Berliner Ensemble.

Zu Lëtzebuerg huet hien am Januar 2007 an enger Koproduktioun vum Théâtre national du Luxembourg an dem St. Pauli Theater Hamburg, de Ruhrfestspiele Recklinghausen an dem Theater im Pfalzbau Ludwigshafen der Shelagh Delaney hiert Stéck Der bittere Honig (Iwwersetzung vun A taste of honey), mat ë. a. den Julia Jentsch an Eva Mattes an den Haaptrollen, an der Escher Kulturfabrik uropgefouert.[1]

De Peter Zadek huet och an e puer Filmer matgespillt an déi eng oder aner Kéier Regie fir Spill- oder Tëleesfilmer gefouert.

Hie krut eng sëllegen Éierungen, dorënner 2002 d'Bundesverdienstkreuz. Vun Theater heute ass en e puer Kéieren zum "Regisseur vum Joer" ausgezeechent ginn.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

  • 1961: Die Kurve
  • 1963: Die Mondvögel
  • 1964: Die Stühle
  • 1965: Held Henry
  • 1965: Der Nebbich
  • 1965: Intercontinental-Express
  • 1968: Rotmord
  • 1971: Der Pott
  • 1972: Van der Valk und das Mädchen
  • 1984: Baumeister Solneß

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. TNL Saison 2006-2007, tnl.lu.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]