Petr Nečas

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Petr Nečas

De Petr Nečas, gebuer den 19. Dezember 1964 zu Uherské Hradiště, ass en tschechesche Politiker vun der konservativer Partei ODS. Hien ass zënter dem 28. Juni 2010 Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.

De Petr Nečas huet op der Masaryk-Universitéit Brno Physik studéiert. 1992 gouf hien eng éischte Kéier zum Deputéierten an d'tschechescht Palament gewielt. 1995/96 war hien delegéierte Verdeedegungsminister. 1999 gouf e Vizepresident vun der ODS.

Vun 2006 bis zum Fall vun der Regierung am Mäerz 2009 war den Nečas Minister fir Aarbecht a Soziales ënner dem Premier Mirek Topolánek. Enn Mäerz 2010 gouf e vu senger Partei als Spëtzekandidat fir d'Parlamentswalen am Mee designéiert. Am Juni 2010 gouf en och zum President vun der ODS gewielt.

D'ODS huet bei de Walen am Mee 2010 méi schlecht wéi virdrun ofgeschnidden, kunt awer mat zwou méi klenge Parteien, TOP 09 a Věci veřejné, eng Mëtt-Riets-Koalitioun gegrënnt, déi den 13. Juli 2010 mam Nečas als Ministerpresident vum Staatspresident Vaclav Klaus vereedegt gouf.[1]

Am Abrëlll 2012 hat sech d'Věci veřejné an zwee gespléckt, sou datt d'Kolaitioun ewell keng Majoritéit hat.[2] Mat engem Deel vun de fréiere VV-Memberen an der TOP 09 kunnt hien awer eng weider Koalitioun op d'Been stellen, déi vum Parlament d'VErtraue krut.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Petr Nečas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]