Petrus Plancius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Petrus Plancius

De Petrus Plancius, hollännesch Pieter Platevoet („Peter Plattfuß“, och Platevoete, Plantius, Plat(t)), gebuer 1552 zu Dranouter a Flandern a gestuerwen 1622 war en hollänneschen Theolog, Astronom a Kartograph. Hien huet vill Landkaarte souwéi Stärekaarte gezeechent an Himmelsglobe fabrizéiert. Donieft huet hien och nei Stärebiller agefouert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Plancius gouf ënner dem Numm Pieter Platevoet als Jong vun enger räicher flandrescher Famill gebuer.

Hie studéiert Mathematik, Astronomie, Geographie, Geschicht, Theologie a Friemsproochen. Säin Numm huet hie geännert, well dat aktuell war ënner Geléiert zu senger Zäit, an déi laténgesch Form Petrus Plancius.

Am Joer 1576 gouf hie Member vun der hollännescher reforméierter Kierch an ass vill duerch d'Land gereest, fir ze priedegen. Dat war riskant, well Holland Ufanks vum 16. Joerhonnert un d'katholescht Spuenien gefall war. 1560 war et zu enger landeswäiter Oprou koum, mä d'Spuenier konnten de südlechen Deel zréckerueweren. De Kinnek Philipp II. war streng katholesch. Anescht Gleeweger hate just d'Méiglechkeet ze konvertéieren oder d'Land ze verloossen. 1585 ass de Plancius op Amsterdam geflücht fir der Inquisitioun z'entgoen.

Do huet hie sech verstäerkt den Naturwëssenschaften, der Navigatioun an der Kartographie zougedréit. Hie gouf kritiséiert, well seng Priedegte vill ze dacks vun der Astronomie, der Neier Welt a vun Ostindien gehandelt hunn.

Am Joer 1590 mécht hie fënnef Landkaarte fir eng hollännesch Editioun vun enger Bibel. Weider Kaarte sinn nokoum, sou am Joer 1592 déi grouss Weltkaart Nova et exacta Terrarum Tabula geographica et hydrographica, déi spéider wäit verbreet war. Och e puer Himmelsglobe sinn an där Zäit entstanen.

De Plancius huet déi vun Amsterdamer Geschäftsleit gegrënnten Hollännesch Ostindien-Kompanie beroden, déi de Gewierzhandel mat Ostindien (haut Indonesien) zum Zil hat. Fir Konflikter mat de Séimuechte Spuenien a Portugal auszewäichen, huet hie senge Landsleit eng bis dohin onbekannt Route ronderëm Nordasien virgeschloen. Hien huet weider och de Kommandant vun der Flott, de Willem Barents, an der astronomascher Navigatioun opgekläert.

D'Nordostpassage konnt zwar bei dräi Expeditioune vun 1595 bis 1597 net fonnt ginn. Et gouf dofir beschloss, eng südlech Route ze huelen. Och dofir huet e sech de Rot vum Plancius geholl.

Deemools gouf gegleeft, datt d'Kompassnol Ofwäichunge weist, wat ee méi wäit no Süde gefuer ass. De Plancius huet de Frederik de Houtman an der astronomescher Positiounsbestëmmung beroden, fir dat Phenomen z'iwwerpréiwen. Hien huet dem Navigator Pieter Keyser ugebueden, Himmelsobservatioune virzehuelen an de südleche Stärenhimmel ze kartographéieren an huet him en Instrument ginn (wahrscheinlech en Astrolabium).

Déi éischt hollännesch Ostindienexpeditioun vun 1595 bis 1598 ass katastrophal verlaf a war e kommerziellen Desaster. Vun 249 Begleeder sinn nëmmen nach 87 lieweg heem komm, dee gréissten Deel war wéinst Krankheeten a Verbrieche gestuerwen. Ausserdeem konnten nëmmen e puer Fässer Peffer kaaft ginn. Dës Entreprise kann trotzdeem als Ufank vun der hollännescher Kolonialherrschaft an Ostasien ugesi ginn. D'Monopolstellung vu Portugal um Gewierzhandel gouf gebrach.

De Keyser an den Houtman haten de Südhimmel erfollegräich vermooss a Kaarte gezeechent (De Keyser war op der Faart gestuerwen), woubäi si 12 nei Stärebiller agefouert hunn. De Plancius huet si fir d'éischt 1597/1598 op en Himmelsglobus agesat. Publizéiert goufe se 1600 vum Jodocus Hondius, 1602 an 1903 goufe s'op de Globe vum Willem Blaeu agesat an de Johannes Bayer huet d'Stärebiller 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria publizéiert.[1]

De Plancius war enk mat dem Henry Hudson befrënnt, deen Expeditiounen an déi Nei Welt duerchgefouert huet.

Kaarten[änneren | Quelltext änneren]

Stärebiller no Plancius[änneren | Quelltext änneren]

Op de Placius ginn nei agefouert Stärebiller zréck:

1589 huet hien en Himmelsglobus iwwerschafft. Dobäi huet hien zousätzlech déi Magellanesch Wolleken (déi nach onbenannt waren) an zwee Stärebiller dobäi gesat:

  1. Crux (Kräiz vum Süden)
  2. Triangulum Australe (Südlecht Dräieck)

D'Informatiounen heidriwwer huet hie vu Berichter vun de Fuerschungsreesenden, Andreas Corsali (1512), Amerigo Vespucci (1501) a Pedro de Medina ofgeleet. D'Dräieck steet awer op der Kopp [2], an d'Crux ass beim Eridanus agedroen[3]. Dat huet hien eréischt am Joer 1598 korrigéiert mat den Date vum Keyser an dem Houtman. Dofir gëtt et haut och hinnen an dem Bayer zougeschriwwen.

Op der Terrarum Tabula vun 1592 sinn am ieweschten Deel zwou Stärekaarte vum nërdlechen a südlechen Himmel duergestallt. Si enthalen zwee nei Stärebiller:

  1. Columba (Dauf)
  2. Polophylax („Oppasser vum Südpol“[4])

Allen zwee fënnt een och op der Weltkaart vun 1597.

Op sengem Himmelsglobus vun 1612 féiert hien 8 nei Stärebiller an. Sechs dovun gi fälschlecherweis dacks dem schlesesche Kartograph Jacob Bartsch zougesprach, dee si am Joer 1624 op enger Stärekaart opgeholl hat a mat reliéise Bedeitunge verbonnen huet.

D'Stärebiller, déi vum Plancius agefouert goufe waren, sinn:

  1. Gallus (Hunn), westlech vum Groussen HondAlector Gallus Dio beim Bartsch, den Hunn dee kréit, wou de Jesus Christus dräimol vum Petrus verrode ginn ass.
  2. Apes (Bei), nërdlech vum WidderVespa (Harespel) bei Bartsch, een Insekt, dat an der Geschicht vum Samson genannt gëtt, spéider Musca (Musca (Stärebild)|Méck) beim Hevelius 1690.
  3. Camelopardalis (Giraff), nërdlech vum Fouermann – d'Reitdéier, op deem d'Rebecca zu hirer Hochzäit mam Isaac geridden ass. Et handelt sech méiglecherweis ëm en Iwwersetzungsfeeler, gemengt war wuel e Kaméil.
  4. Jordanis fluvius (Jordan), südlech Stäre vum Grousse Bier
  5. Tigris fluvius (Tigris), südlech Stäre vum Ursa Major – d'Flëss Jordan an Tigis sollen hir Quell am Gaart Eden hunn.
  6. Monoceros Unicornis (Eenhar), nërdlech vum Canis Major – en Eenhar, dat an ale Bibeliwwerdrounge virkënnt
  7. Cancer Minor (Klenge Kriibs), westlech vum grousse Kriibs
  8. Sagitta Australis (Südleche Feil), ëstlech vum Skorpioun

Vum Plancius senge Stärebiller sinn haut nëmmen nach Dauf, Giraff an Eenhar a, Gebrauch.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Nova et exacta Terrarum Tabula geographica et hydrographica, 1592
  • Orbis terrarum typus de integro multis in locis emendatus, Alberti Henrici & Cornelii Nicolai, Den Haag 1599

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Petrus Plancius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Gary D. Thompson: Modern Western Constellations. 28: The constellating of the southern sky. Webdokument 2007
  2. Jim Fuchs: Filling the Sky. 2003, ISBN 0-9744397-1-1; Kapitel Triangulum Australe. S. 79 als Webdokument, PDF 0,2 MB
  3. Crux – Ian Ridpath: Startales.
  4. Übersetzung des Griechischen