Petula Clark

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Petula Clark (2012).

D'Petula Sally Olwen Clark, gebuer de 15. November 1932 zu Ewell an der englescher Grofschaft Surrey ass eng britesch Schauspillerin a Popsängerin.

D'Petula Clark huet mat 7 Joer ugefaangen an engem Kannerchouer ze sangen an huet och ganz jonk scho bei der BBC gesongen. Si gouf séier e Kannerstar an hat bis 1950 schonn an 20 Filmer matgespillt.

Ee vun vun hire gréisste Succese war Downtown, déi 1964 bei Vogue op enger 7" Single erauskoum, vun deem 3 Millioune Placke verkaaft goufen.

D'Petula Clark huet sech 1961 mat dem franséische Journalist Claude Wolff bestuet, an d'Koppel krut dräi Kanner. Nodeem si a Frankräich geplënnert war krut se do eng eege Tëleesendung an ass och eng etlech Kéieren am Olympia opgetrueden. Si huet eng Zäit an Amerika gewunnt an huet do a Filmer mat dem Fred Astaire a Peter O'Toole matgespillt. (Goobye, Mr. Chips).

Si krut 1998 den Uerde Commander of the British Empire.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]