Phenotyp

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Phenotyp(us) (ofgeleet vum Griichesche phainomena = dat wat ee gesäit), fir Bild, Ausgesinn, oder Prägung) ass de Begrëff fir ugebuer an ugeléiert baussenzeg a bannenzeg Kennzeechen an Eegeschafte beim Mënsch an Déier.

E Phenotyp ass am Géigesaz zum Genotyp - dem sougenannten Ierf- an Ulagentyp - dei integral Duerstellung, d'Zomm vun alle Kennzeechen (Phenen) vun engem Individuum mat senge physiologeschen, morphologesch-anatomeschen a funktionellen Eegeschaften. De Phenotyp gëtt vum Genotyp am Zesummewierke mat e sëlleche kulturellen a sozialen Ëmweltaflëss markéiert. D'Markéierung vum Phenotyp weist sech herno unhand vun der Morphologie an der Expressivitéit vum Individuum.

Eng Etude iwwer Embryone vum Leonardo da Vinci

Phenokopie, Phenogenese[änneren]

Duerch exogen Fakteure kann et am Zesummespill mat spezifeschen Ierfulagen bei engem Genotyp (z. B. en Embryo) zu Nobildunge vu Manifestatiounsmusteren (Phenokopie) vun engem anere Genotyp kommen, d. h., datt während der sensibler Phase vun der Schwangerschaft, der sougenannter Phenogenese vum Embryo, Entwécklungsstéierunge vu verschiddenen Organer optriede kënnen, déi eng méi oder wéineger grouss Verännerung vum urspéngleche Genotyp bewierken.

D'Awierkung vun esou Phenokopië weise sech beispillsweis bei intersexuelle Mënschen, déi mat entweder duebele bannenzegen oder baussenzegen, mat entstallten oder ënnerentwéckelte Genitalorganer op d'Welt kommen. Ursaache fir esou Phenokopien an der kritescher Phase vun der Schwangerschaft sinn ë. a. Infektioune wéi d'Riedelen, eng staark Stralenexpositioun oder a priori Konsequenzen aus der chromosomaler Konstellatioun an/oder der gonadaler Weiderentwécklung. D'Phene vum gebuerene Kand bleiwe genetesch op hatt beschränkt. Si sinn net ierflech.

Quellen[änneren]