Philharmonie Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Philharmonie Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz L-1499 Luxembourg
Adress 1, Place de l'Europe
Koordinaten 49° 36’ ’’ N
      06° 08’ ’’ O
Architekt(en) Christian de Portzamparc
Datum vum Bau 2002-2005
Opgaangen 26. Juni 2005
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Kammermusekssall

D'Philharmonie oder offiziell Salle de concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, ass mat hirem "Groussen Auditorium", dem "Kammermusekssall" an dem "Espace découverte" mat zesumme ronn 1900 Plazen dat gréisst Gebai fir Opféierunge vu klassescher Musek zu Lëtzebuerg.

Se gouf vum franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf, an ass no der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, der verstuerwener Fra vum Grand-Duc Jean genannt.

Se gouf de 26. Juni 2005 ageweit.

De President vum Opsiichtsrot war 2008 den Damien Wigny an duerno gouf dat de Pierre Ahlborn. Den Direkter war de Matthias Naske, zanter 2013 ass et de Stephan Gehmacher[1].

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai steet op der Place de l'Europe, um Kierchbierg. Et ass oval an huet ronderëm 823 filigran Sailen aus Stol.

1996 gouf vun der Administration des bâtiments publics en Architekteconcours ausgeschriwwen, bei deem de Portzamparc gewonnen huet. 2002 gouf mat den Aarbechten ugefaangen, déi am Ganzen 3 Joer gedauert hunn. De Bau huet 113,5 Milliounen Euro kascht.[2]

D'Gebai ass schalldicht isoléiert, an d'Akustik an de Säll gouf mam Architektebüro Christian Bauer ofgestëmmt, wat d'Auswiel vum Material an d'Ariichtung betrëfft.

Gebai an Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

De Gesamtvolume vun der Philharmonie ëmfaasst 192.883 an d'total Fläch ass 20.000 . Et ass baussen 126 Meter laang (bannena maximal 109 Meter) an huet eng Héicht vu 25 Meter.

Grousse Concertssall

Groussen Auditoire[änneren | Quelltext änneren]

De Groussen Auditoire, mat tëscht 1.200 a 1.500 Plazen, ass d'Häerzstéck vun der Philharmonie, ronderëm si Logen.

Schuke-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel ass vun der Uergelmanufaktur Karl Schuke vu Berlin, an huet 81 Regësteren, déi op 4 Manualer a Pedall verdeelt sinn. Mat 6.441 Päifen bei zwéi Spilldëscher an engem Manualëmfank vun c bis csup4 an d'Pedall c bis g' ass se geduecht als komplett Concertsuergel oder als Begleetinstrument.

Titularorganist ass de Maurice Clement, Professer aus dem Conservatoire vum Norden.

Kammermusekssall[änneren | Quelltext änneren]

De Kammermusekssall huet ronn 300 Plazen, an eng Bün, op där maximal 40 Museker Plaz hunn.

Espace découverte[änneren | Quelltext änneren]

Den Espace découverte ass e Sall vun 120 Plazen, dee fir elektro-akkustesch Musek ugeluecht ass.

Am Gebai si weiderhin: Eng Billeterie, eng Bar, Vestiairen, e VIP-Salon, Proufsäll, Loge fir d'Artisten an d'Museker, a Raimlechkeete fir déi technesch an administrativ Gestioun.

Statistiken[änneren | Quelltext änneren]

An der Philharmonie schaffe 75 Leit[3], déi fest ugestallt sinn; net mat derbäi gezielt sinn d'Prestateur-de-Servicen.

D'Zuel vun de Concerte geet stänneg an d'Luucht. An der Saison 2005/2006 waren et 214 Concerten, 2006/2007 waren et der 320, an 2007/2008 der 376.
Ronn 150.000 Leit sinn an der Saison 2005/2006 am Public gezielt ginn, 2006/2007 waren et der 164.000, dovu sinn der eng 20 %, déi net zu Lëtzebuerg wunnen. An der Saison 2007/2008 waren et 168.414 Leit.

Wat de Budget ugeet, sou huet dee sech fir d'Saison 2006/2007 op 12,65 Mio Euro belaf. 7,40 Mio Euro (59 %) dovu kommen aus dem Staatsbudget, 2,07 Mio (16 %) vum Verkaf vun Ticketen, 1,67 Mio (14 %) vum Mäzenat, 1,20 Mio vum Verloune vum Gebai (virun allem un den OPL) an d'Restauratioun, an 0,31 Mio (2 %) waren e Subsid fir Evenementer am Kader vun der Kulturhaaptstad.

D'Depense verdeele sech sou: 5,30 Mio (42 %) fir d'artistesch Programmatioun, 3,05 Mio (24 %) fir den Entretien vum Gebai, 2,9 Mio (23 %) fir Personal an de Fonctionnement, 1,10 Mi (9 %) fir Marketing a Kommunikatioun an 0,30 Mio (2 %) fir administrativ Ausgaben[4]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Philharmonie Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Stephan Gehmacher neuer Generaldirektor des Etablissement public Salle de Concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte - Philharmonie Luxemburg Ministère de la Culture, 28.Dezember 2012. archivéiert.
  2. "Salle de concert Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ^Philharmonie." in: Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 2010, S.176-179. ISBN 978-99959-680-0-7.
  3. https://www.philharmonie.lu/en/service/team
  4. Quell: Nathalie Reuter an der Sendung "Kapital" op RTL Tele den 10. Oktober 2007.