Felipe II. vu Spuenien

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Philipp II. vu Spuenien)
Felipe II. vu Spuenien
Titelen
Kinnek vu Spuenien
Zäit 1556 bis 1598
Biographie
Gebuer 21. Mee 1527 jul.
Palais Pimentel
Gestuerwen 13. September 1598
Real Sitio de San Lorenzo de El Escorial
Bestuet mat Mary I.
Papp Karel V.
Mamm Isabela vu Portugal
Geschwëster Maria vu Spuenien, Johanna vu Spuenien, Isabel vu Kastilien, Marguerite vu Parma, Tadea vun Éisträich, Juan vun Éisträich
Kanner Isabella vu Spuenien

De Felipe II., gebuer den 21. Mee 1527 am Palais Pimentel zu Valladolid a gestuerwen den 13. September 1598 am Palais El Escorial bei Madrid, war vum 16. Januar 1556 bis zu sengem Doud Kinnek vu Spuenien an domat och Herrscher iwwer déi amerikanesch Kolonien, d'Spuenesch Nidderlanden, d'Franche-Comté, d'Kinnekräich vun den Zwéi Sizilien, d'Kinnekräich Sardinien an d'Herzogtum Mailand. 1580 gouf hien als Felipe I. zousätzlech Kinnek vu Portugal.

Hie war den eelsten an eenzege legitimme Jong vum Karel V. (Carlos I. vu Spuenien) an der Isabela vu Portugal.

De Philippe II., deen duerch an duerch als Spuenier an als Katholik erzu gi war, huet seng Gebidder zentralistesch an absolutistesch regéiert, respektiv vu Gouverneuren oder Statthalter an deem Geescht verwalte gelooss. Hien huet iwwerall versicht, déi bestoend Autonomien anzegrenzen oder ofzeschafen, an en huet all déi, déi net streng kathoulesch ware, fanatesch verfollege gelooss.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Inquisitioun.

An de Spueneschen Nidderlanden, déi gewinnt waren, sech um Niveau vun de jeeweilege Provënzen zimmlech selwer ze verwalten a wou sech deemools d'Reformatioun, a Form vum Calvinismus, besonnesch am nërdlechen Deel breetgemaach huet, koum et zum Opstand.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Achtzegjärege Krich.

Ënner dem Philippe II. huet Spuenie weiderhi Kolonien ergaddert, z. B. déi no him genannt Inselgrupp, d'Philippinnen.

Wéi seng Duechter Isabella sech 1598 mam Äerzherzog Albert VII. bestuet huet, huet de Felipe hir d'Nidderlanden iwwerdroen. Well d'Koppel keng Kanner krut, ass den Territoire 1621 nees un d'spuenesch Kroun zeréckgefall[1].

Fraen a Kanner[änneren | Quelltext änneren]

De Felipe war véiermol bestuet:

  1. ∞ 1543 Infantin Maria vu Portugal, Duechter vum portugisesche Kinnek João  III. a senger Fra, der Infantin Catalina vu Kastilien;
    • Karl de Austria, genannt Don Carlos (* 8. Juli 1545; † 24. Juli 1568), Fürst vun Asturien;
  2. ∞ 1554 Kinnigin Mary I. déi Kathoulesch vun England, Duechter vum englesche Kinnek Henry VIII. senger éischter Fra, der Infantin Catalina vun Aragón;
  3. ∞ 1560 Prinzessin Elisabeth vu Valois, Duechter vum franséische Kinnek Henri II. a senger Fra, der Prinzessin Catherine de Médicis
  4. ∞ 1570 Äerzherzogin Anna vun Éisträich, Duechter vum réimesch-däitsche Keeser Maximilian II. a senger Fra, der Infantin Maria vu Spuenien.
    • Ferdinand (* 4. Dezember 1571; † 18. Oktober 1578)
    • Karl (Carlos) Laurentius (* 12. August 1573; † 30. Juni 1575)
    • Diego vun Éisträich (* 12. Juli 1575; † 21. November 1582)
    • Felipe III. (* 14. Abrëll 1578; † 31. Mäerz 1621), Kinnek vu Spuenien
    • Maria (* 14. Februar 1580; † 5. August 1583)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Pauly, Michel, and Paul-Louis Van Berg. Histoire du Luxembourg. Bruxelles: Éd. de l'Univ. de Bruxelles, 2013. Print., S. 54