Philippe Barbier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Philippe Antoine Barbier gebuer den 2. Mäerz 1848 zu Luzy an der Nièvre, a gestuerwen den 18. September 1922 war e franséische Chemiker. Hie war den éischte Chemiker deen a senge Synthesen organometallesch Substanze benotzt huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien Assistent vum Marcellin Berthelot am Collège de France an an der École de Pharmacie de Paris war ass hie Professer op der Uni zu Lyon ginn.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat erausfonnt datt, wann een e Keton mat Jodmethan vermëscht an dobäi nach metallesche Magnesium benotzt, da gëtt dat R2(CH3)C-OH. Déi Method ass vun sengem Schüler dem Victor Grignard perfektionéiert ginn an dréit och dem säin Numm. De Barbier selwer ass méi bekannt fir d'Barbierreaktioun.