Philippe Perlia

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Philippe Perlia, gebuer den 1. Dezember 1955 zu Rüchlikon bei Zürich an der Schwäiz a gestuerwen de 15. August 2001 an de Berner Alpen an der Schwäiz, war e lëtzebuergeschen Alpinist a Sportenseignant.

Als Alpinist war hien 1987 op der Spëtzt vum Kilimantscharo an Tansania. No enger Rei aneren Expeditiounen, war hien den 22. Mee 2001 op der Spëtzt vum Mount Everest. De Philippe Perlia war domat, nom Eugène Berger, den zweete Lëtzebuerger deen dat fäerdegbruecht huet.

De Philippe Perlia ass de 15. August 2001 um Lauteraarhorn an de Berner Alpen ëm d'Liewe komm. Bei enger Klammtour, déi hie geleet huet, ass den éischte Member vun der Seelschaft ausgerëtscht an huet de Philippe Perlia an déi zwéin aner Membere vum Grupp eng 600 m an Déift gerappt.