Philippe de La Hire

Vu Wikipedia
Philippe de La Hire
Gebuer 18. Mäerz 1640
Paräis
Gestuerwen 21. Abrëll 1718
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Professer, Architekt, Naturalist
Member vun Académie des sciences

De Philippe de La Hire, gebuer den 18. Mäerz 1640 zu Paräis an och do den 21. Abrëll 1718 gestuerwen, war e franséische Mathematiker an Astronom.

Säi Papp de Laurent de La Hire war Moler um kinneklechen Haff a sou gouf hien als Kënschtler ausgebilt an ass véier Joer duerch Italie gereest, fir seng kënschtleresch Fäegkeeten ze verbesseren. Dobäi huet en och d'Grondlage vun der Geometrie geléiert.

E gouf fir d'éischt bekannt duerch eng Rei vun deemools wichtegen Aarbechten iwwer Kegelschnëtter, Mechanik, Hydrostatik ë. a. souwéi duerch d'Kaarte vu Frankräich déi e mam Jean Picard um Jean-Baptiste Colbert säin Uerder publizéiert huet, a seng mat Hisiicht op eng Waasserversuergung vu Versailles ausgeféiert Nivellementer.

Hien huet als éischte bewisen, datt d'Hypotrochoide vun de Cardanesche Kreesser alles Ellipse sinn an entwéckelt doraus een Ellipsenzierkel.

1678 gouf hien an d'Académie des sciences gewielt.

1708 berechent hien den Ëmfang vun der Kardioid.

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]