Photoevaporatioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Photoevaporatioun bei enger protoplanetarer Scheif duerch d'Noperschaft zu engem O-Klass Stär.

Photoevaporatioun nennt een e Prozess, bei deem e Planéit seng Gasatmosphär oder Bestanddeeler vu senger Atmosphär duerch d'Awierkung vun héichenergetesche Photonen, geklaut kritt. All Massen, och Planéiten, hunn eng Fluchtvitesse, déi et z'erreeche gëllt, fir d'gravitatoresch Aflossgebitt vun der Mass oder vum Planéit vollstänneg ze verloossen. Duerch de Beschoss vun der Gasatmosphär duerch héichenergetesch Photonen, zum Beispill UV-Liicht oder Röntgenstralen, ginn Deelercher vun der Gasatmosphär duerch eng Ionisatioun beschleunegt (opgehëtzt), soudatt dës déi gebrauchte Fluchtvitessen erreechen an de Planéit verloosse kënnen. Wat d'Deelercher méi liicht sinn, ëmsou méi grouss ass d'Vitesse, déi se duerch d'Ionisatioun kréien. Dofir ass de Waasserstoff, deem seng Atomer mat der Massezuel 1 déi liichtst sinn, den éischte Gas, dee bei der Photoevaporatioun de Planéit verléisst.

Photoevaporatioun bei protoplanetare Scheiwen[änneren | Quelltext änneren]

Protoplanetar Scheiwe kënnen duerch d'Photoevaporatioun verdeelt ginn (kuckt d'Bild). E staarken Afloss vun der Photoevaporatioun ass nëmme festzestellen, wann eng ausreechend staark Stralung do ass. Dat ass besonnesch an der Noperschaft vun O- a B-Klass Stären de Fall. Well d'protoplanetar Scheiwen dacks aus Stëbs a Gas bestinn, kann duerch d'Photoevaporatioun de liichtste Gas wéi Waasserstoff an Helium d'Zesummesetzung vum Planéit, deen am Gaang ass sech ze formen, beaflossen.