Pierre Schmol

Vu Wikipedia
Pierre Schmol
Gebuer 17. August 1889
Gestuerwen 17. August 1976
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

De Pierre Schmol, gebuer de 17. August 1889 um Fridhaff (Gemeng Dikrech) a gestuerwen de 17. August 1976 zu Ettelbréck[1] war e lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.[2]

Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Schmol huet am Abrëll 1913 den Doktorat an der Medezin[3] an am Oktober 1915 den Doktorat an der Chirurgie an den Doktorat an der Gebuertshëllef am Kader vun der Collation des grades gepackt. Den 28. Oktober 1915 ass hien doropshin als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn.[2] Hien huet dono eng Praxis zu Jonglënster opgemaach.[4]

Am November 1920 annoncéiert hien an der Zeitung, datt hie « studienhalber » fort wier.[2] 1922 kënnt hien Assistenzdokter (médecin-assistant) an de Staatslaboratoire, deen duerch d'Gesetz vum 17. Abrëll 1900 ënner dem Numm Laboratoire pratique de bactériologie kreeéiert gouf.[5] Den 30. Juli 1928 gouf hien Direkter vum Staatslaboratoire als Nofollger vum verstuerwenen Dr. Auguste Praum.[6] Am August 1954 ass hien an d'Pensioun gaangen; säin Nofollger gouf den Dr. Fernand Schwachtgen, bis elo Médecin-assistant am Staatslaboratoire.[7]

Member vun der SNL a vum Institut grand-ducal[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Schmol war vun 1922 u Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL)[8] an ass 1973 Éieremember genannt ginn.[9]

Am Februar 1924 gouf de P. Schmol Membre agrégé vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal,[10] an am Januar 1929 Membre effectif a senger neier Qualitéit als Direkter vum Staatslaboratoire.[11]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Betz, A., 1989. Le Laboratoire National de Santé. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, N° jubilaire du 125e anniversaire, S. 77-80.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1].
  • Schaus, R., 1963. Contribution à l'histoire du laboratoire bactériologique de l'État. Bulletin de la Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg 100, S. 69-101.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rob Deltgen, Diekirch “Komplettes Familienbuch der Gemeinde 1796-1923”.
  2. 2,0 2,1 2,2 Kugener 2005, S. 1412.
  3. Luxemburger Wort 1913-04-08, S. 3 (Medizinstudium)
  4. Liste générale des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache. Mémorial 1916, N° 4 (15 janvier), S. 43.[1]
  5. Mémorial 1900, N° 21, S. 253-254 (Loi du 17 avril 1900, portant création d'un laboratoire pratique de bactériologie).[2] – Schaus 1963.
  6. Mémorial 1928, N°36, S. 686 (Service sanitaire).[3] – Luxemburger Wort 1928-08-08, S. 2 (Bakt. Staatslaboratorium).[4]
  7. Betz 1989, S. 78. – Mémorial 1954, N° 52, S. 1374 (Santé publique) Gearchiveerd op 2011-09-06. Gekuckt de(n) 2016-05-29.
  8. Bulletins mensuels de la Société des naturalistes luxembourgeois 1922, N° 10-12, S. 102 (Séance du dimanche, 9 juillet 1922).[5]
  9. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 78 (1973), S. 38 (Assemblée générale annuelle du 15 janvier 1973).[6]
  10. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 9 (année 1925), S. 11 (séance du mardi, 19 février 1924).
  11. Archives de la Section des sciences naturelles, etc. de l'Institut grand-ducal N.S. 11 (année 1929), S. XXIV (séance du mardi, 15 janvier 1929).
  12. Memorial A N°10 vun 1956 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Historique du Laboratoire national de santé.