Pierre Biermann

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pierre Biermann, gebuer den 8. Abrëll 1901 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 19. September 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuerger Professer, Schrëftsteller a Publizist. Hien huet och ënner folgend Pseudonyme geschriwwen: Peter Forsch, Thomas Scharff, N. Stich, Ernest Morning, Graukopf.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

De Professer Biermann als Zeie vun der Uklo am Buchenwald-Prozess zu Dachau, 22. Abrëll 1947

No senger Première (1920) am Stater Kolléisch huet de Pierre Biermann Philologie a Philosophie zu Lëtzebuerg op de Cours supérieurs, an an Däitschland studéiert. Duerno huet hien als Enseignant am Landerziehungsheim Haubinda an Thüringen geschafft.

No sengem Stage pédagogique am Stater Kolléisch an enger Zäitchen am Dikrecher Kolléisch huet hien duerno bis zu senger Pensioun (1961) Latäin, Philosophie a Geschicht am Stater Kolléisch enseignéiert. Am Kader vu sengem Stage hat hien eng Histoire de l'enseignement de philosophie au degré secondaire dans l'Université de France (1928; 90 S.) verfaasst.

1941, ënner dem Nazi-Regime, gouf hien op Düsseldorf versat, koum datselwecht Joer an de Prisong zu Tréier, an duerno an d'Konzentratiounslageren zu Hinzert, Natzweiler a Buchenwald.

No der Liberatioun huet hien am Optrag vun der Regierung ee Joer zu Genf an der Ecole internationale geschafft, dat en vue vun der Verbesserung vun der pedagogescher a moralescher Situatioun vun der krichsgeschiedegter Lëtzebuerger Jugend.

Publikatiounen (Auswiel) [änneren]

A sengem autobiographeschen Text vun 1968 beschreift de Pierre Biermann säi Liewenswee vum antiklerikale Fräidenkertum iwwer de liberalen Humanismus, den Antifaschismus a Kommunismus, bis zu sengem parteilosen Engagement fir d'Vëlkerverstännegung an déi reliéis Toleranz.

  • 1935-1939: Geschichte des Mittelalters von Luxemburg aus gesehen. Luxembourg: Verlag der Cahiers luxembourgeois; Grevenmacher, G. Biermann-Schock, 2 Bänn.
  • 1939: So wurde der Papst. (ënnert sengem Pseudonym Peter Forsch), Luxemburg: Sonderdruck der «Neuen Zeit», 38 S.
  • 1945: Streiflichter aus Hinzert, Natzweiler und Buchenwald. Luxemburg: Verlag der «Volksstimme», Bourg-Bourger, 44 S. Cote BNL: LA 2589.
  • 1968: Texte statt Memoiren. Ein Beitrag zur "Kulturgeschichte" Luxemburgs. Luxemburg: P. Biermann, 3 Bänn. (net paginéiert)
1. Band: 1930-1940: Im kleriko-faschistischen Kreuzfeuer. Luxemburg, März 1968,
2. Band: 1940-1947: Resistenz und Nationale Union. Luxemburg, Mai 1968
3. Band: 1948-1956: Im Kalten Krieg. Luxemburg, Juli 1968
  • 1978: Profangeschichte des Judentums. Ein Beitrag zur Überwindung des Rassenwahns und des Antisemitismus. Luxemburg: P. Biermann, Im Selbstverlag des Verfassers, Imprimerie Centrale, 205 S.
  • 1978 (?): Menschenrechte, wie ich sie meine. RTL untersagt nachträglich ein von RTL getätigtes Interview.

Illustratiounen [änneren]

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]