Pierre Federspiel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Pierre Federspiel

De Pierre Federspiel, gebuer de 24. Mäerz 1864 zu Lëtzebuerg-Clausen, gestuerwen den 19. Abrëll 1924 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.

No der Primärschoul huet hie säin Handwierk beim Grafmécher Mergen um Lampertsbierg geléiert. Dank sengem kënschtlereschen Talent krut hien ee Subsid vum Staat fir Studien op der Akademie der Bildenden Künste[2] zu München, beim Professer Wilhelm von Rümann, ze maachen. Duerno goung hien nach op Paräis a Berlin, ier hien 1907 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul gouf.

D'Rue Pierre Federspiel, déi deels um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an deels um Territoire vun der Gemeng Stroossen läit, krut dem Sculpteur säin Numm.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

mat Portraitë vu folgende Perséinlechkeeten:
- Ermesinde
- Jang de Blannen
- Sigismund
- Prënz Henri
- Henri VII
- Wenzel IV
- Karel IV
- Joseph Junck

Skulpture vun der Gare Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Federspiel – Biller, Videoen oder Audiodateien


Ermesinde iwwerreecht Lëtzebuerg de Fräiheetsbréif - Relief vum Pierre Federspiel an der viischter Fassad vum Cercle Municipal an der Stad Lëtzebuerg. Déi original Maquette vun dësem Wierk ass an engem Hausagank an der Biederstrooss zu Munneref agebaut ginn.

.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 110&111 vum 19./20. Abrëll 1924, S. 4 (Link)
  2. Ënner dem Numm Peter Federspiel ass en zu München den 23. November 1883 ageschriwwe ginn, cf. Matrikelbuch 1841-1884 vun der Akademie der Bildenden Künste München, Matrikel-Nr. 04491.
  3. Koltz, Jean-Pierre, 1970. Baugeschichte der Stad und Festung Luxemburg, 1. Band, 2. Oplo, S. 74.