Pierre Frieden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Staatsminister Pierre Frieden (1892-1959). Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt w.e.g. Pierre Frieden (Homonymie).
De Pierre Frieden

De Pierre Frieden, gebuer den 28. Oktober 1892 zu Mäertert a gestuerwen den 23. Februar 1959 zu Zürich, war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.

Tëscht 1912 an 1916 studéiert de Pierre Frieden Philosophie a Literatur an der Stad an zu Freiburg, Zürich, Genf a München. 1919 gëtt hie Professer a gëtt bis 1940 Coursen am Dikrecher Kolléisch, am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs.

Vum 18. September bis de 4. November 1942 ass hien am KZ Hinzert gefaangen.

1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, gëtt hie Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften ënner dem Pierre Dupong.

Vum 14. Dezember 1945 bis de 15. Juli 1948 war hie Member vum Staatsrot.[1]

D'Funktioun als Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften hëlt hien an der Regierung vum Joseph Bech nees un, deen nom Doud vum Pierre Dupong 1953 Premier gëtt. Do derbäi kommen nach d'Portefeuillën Familljen- an Innepolitik.

1958, den 29. Mee, gëtt de Pierre Frieden zousätzlech Staatsminister a Regierungspresident. Mä scho knapps e Joer duerno sollt hien zu Zürich verscheeden (23. Februar).

Hie war bestuet mat der Madeleine Kinnen.

Säi literarescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pierre Frieden säi literarescht Wierk dréit sech ëm de Mënsch am Liicht vun engem kathouleschen Humanismus. Hien huet vill Bicher an Artikele verëffentlecht.

  • De la primauté du spirituel
  • Variations sur le thème humaniste et européen
  • Vertus de l'humanisme chrétien
  • Das französische Bildungswesen in Geschichte und Gegenwart
  • Meditationnen um den Menschen. Band 1
  • Meditationnen um den Menschen. Band 2
  • Fritz Endres. Erlebnissse aus Gefängnis und KZ. Dësen autobiographeschen Entwécklungsroman war geplangt als e breeden, nodenkleche Bléck an de Réckspigel. Dem Fritz Endres säi leedvolle Wee vun der Villa Pauly bis an d'SS-Sonderlager Hinzert. Mä den éischten Deel hält op mat dem Transport op Hinzert. De Schluss ass ni geschriwwe ginn.

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung un de Pierre Frieden sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Déifferdeng, an der Stad Lëtzebuerg, zu Mäertert, Schëffleng an Zolwer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]