Pierre Funck (Architekt)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Pierre Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Funck.
Pierre Funck
Gebuertsnumm Peter Funck
Gebuer 30. Abrëll 1846
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Mee 1932
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Architekt
Member vun Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange
Famill
Kanner Paul Funck
De Conrotseck an der Stad Lëtzebuerg. D'Pläng fir déi 'nei' Fassad vun 1897[1] ware vum Pierre Funck.[2]
D'Servais-Haus an der Stad.

De Pierre Funck, gebuer den 30. Abrëll 1846[3],[4],[5] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 8. Mee 1932[6], war e lëtzebuergeschen Architekt.

Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis Architektur studéiert an do en Diplom gemaach.

Vun him sinn de Konvikt, d'Gebaier vun der Champagenerkellerei Mercier, d'Letelliers-Schlass um Ousterholz an zesumme mam Paul Funck dat aalt Gebai vun der Banque internationale à Luxembourg entworf an ausgeféiert ginn. Zesumme mat sengem Jong Paul Funck huet en de Stater Cercle Municipal, zesumme mam Münchener Architekt Max Ostenrieder, d'Schlass vu Colmer-Bierg, an zesumme mat sengem Schwéierpapp, dem Architekt Jean-François Eydt, d'Badanstalt an der Biedergaass an der Stad Lëtzebuerg vun 1873 bis 1875[7] gebaut.

Den 10. September 1880 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme du «Casino de Luxembourg».[8]

Hien huet zesumme mam Pierre Kemp tëscht 1880 an 1882 de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass gebaut.

Beim Bau vun der Fondation Pescatore huet hien, zesumme mam Pierre Kemp, d'Aarbechte geleet. A Loutrengen huet en eng ganz Rëtsch Gebaier fir Schmelzen an hir Direktioune gebaut, an zu Saarbrécken an zu Metz d'Haiser vun der Banque Internationale. Och eng ganz Rei Haiser zu Lëtzebuerg si vun him geplangt ginn, sou z. B. d'Servais-Haus um Stater Boulevard Royal oder de Conrotseck um Krautmaart.

Den 12. März 1896 war hien, zesumme mat sengem Brudder Michel Matgrënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange.[9]

De 26. Juni 1896 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme «des ardoisières d'Asselborn».[10]

1899 huet hien zou Beyren d'Primärschoul gebaut.[11]

1903 huet hien d'Kierch an d'Parhaus zu Hunchereng gebaut.[12],[13],[14]

Den Pierre Funck huet och eng Rei Patenter déposéiert. Sou huet hien zesummen mam Mannheimer Ingenieur an Architekt Peter Bender, Patenter ugemellt fir d'Äiskellere vun de Brauereien ze killen.[15],[16] Mam Jean-Pierre Cito huet hi Patenter ugemellt fir d'Kupplunge vun der Eisebunnsgefierer méi sécher ze maachen.[17],[18],[19],[20],[21],[22],[23]

De Pierre Funck ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Schwéierpapp, dem Jean-François Eydt, a sengem Fils, dem Paul Funck.

Säin Enkel, den Herbert Funck, huet d'Dr. Martens-Schong mat entwéckelt.

Seng Niess, d'Adolphine Funck war mam Ernest Vander Linden bestuet a seng Neveue waren de Karl an de Paul Bonatz, och bekannt Architekten.

Säi Monni war den Nicolas Funck.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 159
  • Philippart, R., 2007. Pierre Funck (1846-1932). In (S. 116): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
  • Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Funck (Architekt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf, den Datum am Steen ganz uewen um Gebai.
  2. Den Numm vum Architekt ass, riets ënner dem Ecktuerm, iwwer der Pietà, an de Stee gemeesselt.
  3. Gebuertsakt 178/1846 an der Stad Lëtzebuerg vum Pierre (Peter) Funck
  4. Pierre Gilbert, La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, S. 159
  5. Etat Civil vun der Stad Lëtzebuerg Gebuertsakt 178/1846 Säit 187
  6. Doudesannonce vum Pierre Funck am Luxemburger Wort vum 11. Mee 1932
  7. Les architectes de la ville 1817-1987 : Jemp Kunnert ons stad 24/1987, 1987.
  8. Mémorial A N° 66 vum 23. September 1880
  9. Mémorial A N° 29 vum 19. Mee 1896
  10. Mémorial A N° 44 vum 16. Juli 1896
  11. renovation-de-batiments-desaffectes-pour-le-locatif-social-ancienne-ecole-de-beyren-flaxweiler Gearchiveerd op 2019-08-20. Gekuckt de(n) 2019-06-10.
  12. Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 28. Februar 1902, Säit 2
  13. Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 27. Juni 1902, Säit 2
  14. Lokal-Neuigkeiten am Luxemburger Wort vum 7. Oktober 1903, Säit 3
  15. Mémorial A N° 33 vum 7. Mee 1881
  16. Mémorial A N° 48 vum 20. September 1884
  17. Mémorial A N° 52 vum 1. Oktober 1887
  18. Mémorial A N° 52 vum 5. Abrëll 1888
  19. Mémorial A N° 58 vum 31. Dezember 1889
  20. Mémorial A N° 6 vum 8. Februar 1890
  21. Mémorial A N° 11 vum 6. Mäerz 1890
  22. Mémorial A N° 71 vum 30. Dezember 1892
  23. Mémorial A N° 59 vum 30. September 1896
  24. Mémorial A N° 50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  25. Lokales am Luxemburger Wort vum 20. September 1911, Säit 3