Pierre Grégoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Pierre Grégoire (l.) mam däitsche Ausseminister Willy Brandt, am Januar 1968

De Pierre Grégoire, gebuer den 9. November 1907 zu Viichten, a gestuerwen den 8. Abrëll 1991 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker, Journalist a Schrëftsteller. Hien huet sech duerch eng laang Rei vu Publikatiounen ausgezeechent, déi hien ënnert sengem Numm oder ënner de Pseudonymen Gregor Stein, Peter Stein, Erio oder Jopiter verëffentlecht huet.

Hien ass de Papp vum Sumerolog Jean-Pierre Grégoire.

Seng Carrière [änneren]

  • Als Postbeamten huet hie seng Carrière ugefaangen
  • Vun 1933 un war hie Redakter am Luxemburger Wort
  • Am Krich war hie vun dem Okkupant an d'Konzentratiounslageren Mauthausen a Sachsenhausen-Oranienburg verschleeft ginn.
  • Nom Zweete Weltkrich war hie jorelaang Generalsekretär vun der CSV
  • 1959-1964: Innenminister, Verkéiersminister, Minister fir Konscht a Kultur an der Regierung Werner-Schaus I
  • 1964-1967: Bildungsminister, Kulturminister a Minister fir den Ëffentlchen Déngscht an 1967-1969 Ausseminister, Arméiminister, Kulturminister an der Regierung Werner-Cravatte.
  • 1969-1974: President vun der Chamber
  • De Pierre Grégoire gouf duerno Éierepresident vun der Lëtzebuerger Chamber

Seng Publicatiounen [änneren]

Vgl. seng Bibliographie (245 Titelen!), zesummegestallt vum Carlo Hury, in: Pierre Grégoire gesehen mit den Augen seiner Freunde; Festschrëft fir dem P. Grégoire säi 75. Gebuertsdag, erausgi vum André Heiderscheid a vum Fernand Hoffmann, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982.

Bibliographie [änneren]

  • Ed Kayser, Pierre GRÉGOIRE 1907-1991 ; in: 400 Joer Kolléisch , Band II, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 2003; Ss. 405-406. ISBN 2-87963-419-9.


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen