Pierre Hentges (1853)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Sportsfonctionnaire Pierre Hentges. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hentges.
Pierre Hentges
Gebuer 1. Juli 1853
Hollerech
Gestuerwen 28. Mäerz 1918
Bouneweg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Pierre Hentges, François Hentges

De Pierre Hentges, gebuer den 1. Juli 1853 zu Hollerech, gestuerwen den 28. Mäerz 1918 zu Bouneweg[1], war e lëtzebuergesche Sportsfonctionnaire a Politiker.

Hie war Bistrotier zu Bouneweg a Member am Gemengerot an der deemoleger Gemeng Hollerech.

De Pierre Hentges huet sech fir de Sport, a besonnesch fir d'Turnen zu Lëtzebuerg agesat. 25 Joer laang war hie President vum Bouneweger Turnveräin.

Mat 66 Joer ass hien am Éischte Weltkrich bei engem Bommenugrëff ëm d'Liewe komm.

Hie war de Papp vum Turner, Sportsfonctionnaire an Auteur Pierre Hentges sen. (1890-1975) an de Grousspapp vum Sportsprofesser a Sportsfonctionnaire Pierre Hentges jun. (1915-1997).

Fir un de Pierre Hentges z'erënneren ass zu Bouneweg eng Strooss no him benannt; se verleeft vun der Bouneweger-Strooss bis op de boulevard de la Fraternité.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Pierre Hentges am Luxemburger Wort vum 29. Mäerz 1918