Pierre Hentges (1890)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Turner an Olympionik Pierre Hentges. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Hentges.
Pierre Hentges
Gebuer 4. September 1890
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Dezember 1975
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Turner
Famill
Papp Pierre Hentges
Geschwëster François Hentges
Kanner Pierre Hentges (1915)

De Pierre Hentges sen., gebuer den 3. September 1890 zu Bouneweg, a gestuerwen de 26. Dezember 1975 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sportler an Auteur.

Hien ass zu Bouneweg opgewuess a war als Secondairesschüler vun 1901 bis 1908 an der Industrie- an Handelsschoul an der Stad Lëtzebuerg.

Vun 1912 bis 1918 huet hien am Paiebureau vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG zu Esch-Uelzecht geschafft. Nom Éischte Weltkrich huet hien zu Bouneweg de Bistrot vu sengem Papp Pierre Hentges (1853-1918) iwwerholl, deen am Éischte Weltkrich bei engem Bommenugrëff ëm d'Liewe komm war. De Pierre Hentges sen. gouf méi spéit Proprietär vum Hotel Mille Colonnes. Vun 1922 bis 1962 hat hien eng Wäinhandlung.

Als Turner war hien 1909 op der Weltmeeschterschaft an 1912 bei den Olympesche Spiller zu Stockholm.

Resultater op den olympesche Spiller:

  • Eenzel: 18. Plaz
  • Ekipp europäesche System: 4. Plaz
  • Ekipp fräie System: 5. Plaz.

Hie war entscheedent um Opbau vum lëtzebuergesche Sportwiese bedeelegt. 1928 war hien den Initiator vun der Grënnung vum éischten autonome Fraenturnveräin zu Lëtzebuerg, der Gym, wou hien d'Leedung vun der technescher Kommissioun iwwerholl huet. 1930 huet hien de Volleyball zu Lëtzebuerg agefouert.

De Pierre Hentges sen. war de Papp vum Sportsprofesser a Sportsfonctionnaire Pierre Hentges jun. (1915-1997).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Turner op den Olympesche Spiller 1912
Nicolas Adam - Charles Behm - André Bordang - Jean-Pierre Frantzen - Michel Hemmerling - François Hentges - Pierre Hentges - Jean-Baptiste Horn - Nicolas Kanivé - Émile Knepper - Nicolas Kummer - Marcel Langsam - Emile Lanners - Maurice Palgen - Jean-Pierre Thommes - François Wagner - Antoine Wehrer - Ferdinand Wirtz - Joseph Zuang