Pierre Joseph Thuot

Vu Wikipedia
Pierre Joseph Thuot
Gebuer 19. Mee 1955
Groton
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Business School,
Harvard Universitéit,
Universitéit vu Südkalifornien,
United States Naval Test Pilot School,
United States Naval Academy
Aktivitéit Offizéier, Astronaut


De Pierre Joseph Thuot, gebuer den 19. Mee 1955 zu Groton am Connecticut an den USA, ass e fréieren US-amerikaneschen Astronaut.

Den Thuot krut 1977 e Bachelor a Physik vun der United States Naval Academy an 1985 e Master a Systems Management vun der University of Southern California. 2004 krut hien en Ofschloss vum Harvard Business School Advanced Management Program.

1977 koum den Thuot bei d'United States Navy a gouf als Marinepilot ausgebilt. No Stationéierungen op de Fligerdréier USS John F. Kennedy an USS Independence am Mëttelmier an an der Karibik huet hien d'Navy Fighter Weapons School (TOPGUN) an d'U.S. Naval Test Pilot School absolvéiert. Uschléissend huet hien als Testpilot a Pilotenausbilder geschafft.

Astronautentätegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1985 gouf den Thuot vun der NASA als Astronautekandidat erausgesicht. Hien huet d'Software am Shuttle Avionics Integration Laboratory iwwerpréift a war Verbindungsspriecher (CAPCOM) fir en ettlech Shuttle-Missiounen. Hie war leedenden Astronaut vum Astronautebüro fir Opbau- a Entretiensoperatioune vun der Internationaler Raumstatioun (ISS). Hien huet d'Missioun Support geleet an huet den Astronautentraining vun de Kandidate vun 1995 kontrolléiert.

STS-36[änneren | Quelltext änneren]

Den Thuot ass den 28. Februar 1990 mat der Raumfär Atlantis fir d'éischt an de Weltraum gestart. Et gouf e geheime Satellit vun der US-Loftwaff an e niddregen Orbit ausgesat, vu wou aus deen digitalen Opklärungssatellit de gréissten Deel vun der Äerduewerfläch iwwerwaache sollt.

STS-49[änneren | Quelltext änneren]

Den Hieb (lénks) fänkt zesumme mat dem Akers (mëtt) an dem Thuot (riets) den Intelsat-Satellit an

De 7. Mee 1992 ass den Thuot als Missiounsspezialist um éischte Fluch vun der Raumfär Endeavour fir d'zweet an de Raum geflunn. Zil vun där Missioun war et, den zwéi Joer virdru gestarte Kommunikatiounssatellit Intelsat VI-F3 fir eng Reparatur anzefänken. Eréischt beim drëtten Aussebordasaz (EVA) konnt de Satellit vun Hand agefaange ginn. Doropshi krut den Intelsat en neie Apogäumsmotor, fir datt hien eng virgesinne geostationär Ëmlafbunn erreeche konnt. Bei engem weideren EVA goufen d'Strukturen a Geschier getest.

STS-62[änneren | Quelltext änneren]

De 4. Mäerz 1994 war den Thuot als Missiounsspezialist mat der Raumfär Columbia fir säin drëtte Weltraumfluch gestart. Notzlaascht waren d'United States Microgravity Payload 2 (USMP) an den Office of Aeronautics and Space Technology 2 (OAST). Mat dësen Notzlaaschte konnten d'Auswierkunge vun der Schwéierelosegkeet erfuerscht ginn.

No der NASA[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 1995 huet den Thuot d'NASA verlooss a goung nees zeréck bei d'Navy. Duerno koum en an de Comité vum Secteur fir Loft- a Raumfaarttechnik vun der United States Naval Academy. Am Februar 1999 gouf hie Vizepresident bei der Orbital Science Corporation, Launch Systems Group. Duerno huet hien nach als Senior-Manager fir Space & Communications bei Global Aerospace and Defense Industy geschafft. Am Ament ass hie President an CEO bei HawkEye.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Thuot ass bestuet an huet zwee Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre J. Thuot – Biller, Videoen oder Audiodateien