Pierre Jules César Janssen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Pierre Jules César Janssen, gebuer den 22. Februar 1824 zu Paräis a gestuerwen den 23. Dezember 1907 zu Meudon war e franséischer Astronom.
De Janssen huet am Joer 1868 e Wee fonnt, fir d´Sonnekorona och ouni Sonnendäischtert ze observéieren. Am selwe Joer entdeckt hien och een onbekanntent Element am Sonnespektrum, den Helium. Onofhängeg vum Janssen – huet och den engleschen Astronom Norman Lockyer dëst Element fonnt.
[änneren] Liewenslaf
1853 gouf de Janssen Coursen um Gymnasium vu Charlemagne. 1857 ass hie no Peru gereest fir de magneteschen Equator ze bestëmmen. 1859 begleete hien de Naturfuerscher Alfred Grandidier op enger Weltrees, déi hien awer krankheetsbedéngt no sechs Méint huet missen ofbriechen. Vun 1861 bis 1862 souwéi 1864 studéiert hien d´Absorptioun vun Tellur am Sonnespektrum. Vun 1865 bis 1871 ënnerriicht de Janssen an enger Architekteschoul. Am Joer 1867 féiert hien optesch a magnetesch Experimenter op den Azoren duerch.
Am Joer 1868 weist de Janssen d´gasarteg Natur vun der rouder Sonnekorona an entwàckelt eng Method, fir d´Korona och ze observéieren, wa keng Sonnendäischtert do ass. Eng ähnlech Method huet am selwechte Joer och de Norman Lockyer; an e Joer méi spéit de William Huggins an de Karl Friedrich Zöllner fonnt.
Den 18. August 1868 war an Indien eng total Sonnendäischtert ze gesinn. Si gouf vu franséischen Astronomen observéiert, dorënner och de Janssen, wéi och vu briteschen, dorënner den Norman Lockyer. Bei der Auswertung hunn allen zwéi gläichzäiteg, awer onofhängeg vuneneen, e neit onbekannten Element entdeckt. Et huet sech bemierkbar gemaach duerch eng hellgiel Linn mat enger Wellelängt vun 587,49 Nanometern am Spektrum vun der Chromosphär vun der Sonn. De Lockyer (an de Edward Frankland) hunn de Numm Helium fir dat neit Element virgeschloen.
1870 huet de Janssen dat belagert Paräis (1870–1871) mat engem Ballon verlooss, well hien am algereschen Oran eng Sonnendäischtert observéiere wollt. 1873 gouf de Janssen an d´Académie des sciences gewielt; der Accademia dei Lincei zu Roum huet hie schonns zënter Juni 1872 ugehéiert. 1874 reeste hie wéinst Observatioun vum Venusduerchgang no Japan. 1875 gou hien zum Direkter vum neien astrophysikaleschen Institut zu Meudon ernannt. 1876 sinn him wonnerbar Sonnefotoe gelongen, déi hien 1904 am Atlas de photographies solaires publizéiert huet. 1882 observéiert de Janssen zu Oran de Venusduerchgank. 1887 mécht hie Sonnenobservatiounen op dem Pic du Midi de Bigorre an den Pyrenäen. Am September 1893 ass hien de Mont Blanc erop geklommen an ass véier Deeg laang uewen op der Spëtzt bliwwen, fir d´Sonn ze observéieren. Ziil war, erauszefannen, ob d´Sonn och Sauerstoff opweist. Dofir gouf spéider den Observatoire op dem Mont Blanc opgeriicht. 1896 huet hien den éischten Deel vun den Annales de l'observatoire de Meudon erausginn.
E Marskrater an e Krater op dem Äerdmound goufen him zu Éieren, Janssens genannt.
[änneren] Sonnendäischtertexpeditiounen
- 1867 Trani
- 1868 Guntur, Indien
- 1870 Algerien (den Himmel ass bedeckt, eng Observaioun geléngt net)
- 1875 Siam
- 1883 Karolineninselen
- 1905 Alcosebre, Spuenien.
