Pierre Laval

Vu Wikipedia
Pierre Laval
Gebuer 28. Juni 1883
Châteldon
Gestuerwen 15. Oktober 1945
Fresnes
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei SFIO, Onofhängeg

De Pierre Laval, gebuer de 26. Juni 1883 zu Châteldon a gestuerwen de 15. Oktober 1945 zu Fresnes, war e franséische Politiker.

De Pierre Laval war vu Beruff Affekot an zanter 1914 Member vum franséische Parlament. Vun 1925 hat hie verschidde Ministerposten an de Regierunge vun der Lénkser, der Rietser an der Mëtt. Hie war och zweemol President vum Conseil des ministres français.

1936 huet hie wéinst innepolitesche Schwieregkeete missen zerécktrieden, hie koum awer 1940 no dem Zesummebroch an der Besetzung vu Frankräich als Vizepresident vun der "Vichy"-Regierung nees un d'Muecht. D'Parlament huet awer de Philippe Pétain als Regierungschef ernannt, deen de Pierre Laval Enn 1940 falegelooss huet.

Op Drock vum Adolf Hitler gouf de Pierre Laval nees Chef vun der Regierung an huet mat den däitsche Besatzer zesummegeschafft. Hien huet weeder eppes géint d'Juddeverfollgung nach géint aner Gewalttätegkeeten ënnerholl.

Um Enn vum Zweete Weltkrich ass hien d'éischt vun den Nazië mat an Däitschland geholl ginn, vu wou hien a Spuenie geflücht ass. No senger Verhaftung zu Barcelona gouf hien de franséischen Autoritéiten ausgeliwwert a wéinst Héichverrot zum Doud verurteelt, an am Prisong vu Fresnes erschoss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Renaud Meltz, Pierre Laval - Un mythe français; Paräis (Perrin), 2018; 1200 Säiten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pierre Laval – Biller, Videoen oder Audiodateien