Pierre Luttgens

Vu Wikipedia
Pierre Luttgens
Gebuer 3. Juni 1903
Gestuerwen 4. September 1944
D'Monument fir de Pierre Luttgens zu Attem

De Pierre Luttgens, gebuer den 3. Juni 1903 zu Messancy[1] a gestuerwen de 4. September 1944, war e belsche Resistenzler.

Hie war de Chef vun der Grupp Les Insoumis an der Provënz Lëtzebuerg. En huet zu Miezeg gewunnt, a war Ingenieur op der Schmelz zu Athus.

Seng Grupp huet vill Déngschter fir de Service de Renseignement geleescht a war bei ville Sabotagen dobäi.[2]

Hie gouf vun der Gestapo gefaange geholl, a gepéngegt fir datt hie sollt d'Stopp vun den Terroriste verroden. Bei der Case à Mine gouf hie mitrailléiert, konnt awer nach fortkommen. Seng Blesse waren awer sou schro datt hien net iwwerlieft huet, a sou ass hie 4 Deeg éier Athus, duerch d'Alliéiert vun der Wehrmacht, geraumt gouf gestuerwen.

Fir un hien z'erënneren ass zu Athus eng Plack ze gesinn. Déi Plack gouf op der leschter Bramm festgemaach, déi op der Schmelz vun Attem de 27. Juli 1977 gegoss gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Pierre Luttgens op der 4. Lëscht vum 30. Abrëll 1960 vun de Persounen déi mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 ausgezeechent goufen Archivéiert op 2014-09-03. Gekuckt de(n) 2012-11-21.
  2. Documents comptables; Kollektioun Raymond Royer