Pierre Méchain

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre-François-André Méchain, gebuer de 16. August 1744 zu Laon a Frankräich, a gestuerwen den 20. September 1804 zu Castellón de la Plana a Spuenien, war e franséischen Astronom a Geograph.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Pierre Méchains, gemoolt vum Narcisse Garnier no engem Kofferstéch (1824)

Hien huet aacht Koméiten a 26 Objete baussent eisem Sonnesystem entdeckt an huet un enger Expeditioun deelgeholl, där hiert Resultat dozou gedéngt huet, de Meter ze definéieren.

De Pierre Méchain gouf an Nordfrankräich als Jong vum Architekt Pierre-François Méchain an der Marie-Marguerite Roze, gebuer. Ufanks wollt hien och Architekt ginn an huet Mathematik a Physik studéiert. Wéinst finanzielle Schwieregkeeten huet hien awer d'Universitéit verloosse missen. Zäitweis huet hien als Studieberoder fir zwéi Bouwe geschafft, ronn 50 km vu Paräis ewech. De Méchain huet sech mam Jérôme de Lalande ugefrënnt, deen him Material vu sengem Wierk „L´Astronomie“ iwwerlooss huet. 1772 huet de Lalande him eng Plaz als Hydrograf bei der Marine zu Versailles besuergt. Déi nei Plaz war zäitlech befrist, an de Méchain huet säin Akommes, duerch Mathematikscourse fir Studenten opgebessert.

1774 krut de Méchain eng Ustellung als Rechner bei der Marine a war du mat der geneeër Bestëmmung vun der franséischer Küstelinn beschäftegt. An där Zäit huet hien den Charles Messier kennegeléiert, deen och bei der Marine beschäftegt war. De Messier huet awer an engem klengen Observatoire am Hôtel de Cluny geschafft.

1777 huet de Méchain d'Barbe-Thérèse Marjou bestuet. Si haten zwéi Jongen, de Jérôme an den Augustin, an eng Duechter.

Nieft senger Aarbecht huet de Méchain zu Versailles astronomesch Observatioune gemaach. Am Joer 1774 huet hien eng Bedeckung vum Stär Aldebaran duerch den Äerdmound notéiert. Sou wéi de Messier gouf och de Méchain ee „Koméitejeeër“. D'Positioune vun onbekannten niwwelegen Objeten, bei deenen et sech ëm Koméiten handelen kéint, huet hien dem Messier weidergereecht. Deen huet dann alles iwwerpréift an dann a säi Katalog agedroen. Op déi Manéier huet de Méchain 26 Deep-Sky-Objete fonnt, dorënner de Kugelstärekoup M80 souwéi d'Galaxien M102 an M103.

Säin éischte Koméit huet de Méchain 1781 entdeckt. Duerch säi mathematescht Wësse konnt hien och d'Ëmlafbunn bestëmmen. Hien huet al Opzeechnungen iwwer d'Koméite vun de Jore 1532 a 1661 studéiert an d'Theorie widderluecht, datt et sech ëm deeselwechten Objet handele géif. 1782 krut hien dofir e Präis vun der Akademie vun de Wëssenschaften a gouf Member vun der Akademie. 1786 huet hien ee Koméit entdeckt, deen haut den Numm Encke dréit. Den Encke-Koméit gouf 1792, onofhängeg, vun der Caroline Herschel an 1805 vum Jean-Louis Pons nees nei entdeckt. Den Astronom Johann Franz Encke konnt schliisslech seng Bunn bestëmmen. Dobäi huet sech gewisen, datt den Encke-Koméit mat enger Ëmlafzäit vun nëmmen 3,5 Joer, dee Koméit mat der kierzter Period ass. Am Joer 1790 huet de Méchain ee periodesche Koméit entdeckt, deen haut 8P/Tuttle heescht.

Fir Kaarten ze zeechnen, huet de Méchain no 1780 Reesen, ë. a. an Däitschland an an Norditalien ënnerholl. 1785 gouf hien den Editeur vun der Zäitschrëft „Connoissance des Temps”, déi sengerzäit de Messierkatalog erausginn huet.

1787 huet de Méchain mam Jean Dominique Comte de Cassini a mam Adrien-Marie Legendre zesummegeschafft, fir déi genee Differenz vun de Längtegraden tëscht Paräis a Greenwich ze bestëmmen. Am selwechte Joer hunn déi dräi den Astronom Wilhelm Herschel a semgem Observatoire zu Slough an England besicht.

Am Joer 1792 sollt d'Distanz tëscht Dunkerque a Barcelona exakt bestëmmt ginn. Un där sougenannter Meridianexpeditioun huet och de Jean-Baptiste Joseph Delambre deelgeholl. De Méchain a säin Assistent Jean Joseph Tranchot hunn de südleche Secteur iwwerholl. D'Expeditioun huet sech duerch Nowierkunge vun der franséischer Revolutioun als schwiereg erwisen. De Méchain an den Tranchot goufen zu Essone souguer vu Revolutionäre kuerz festgeholl, well se hir wëssenschaftlech Instrumenter fir Waffe gehalen hun. A Spuenien gouf de Méchain bei engem Accident blesséiert. Wéi en nees geheelt war, ass de Franséisch-Spuenesche Krich ausgebrach, an hie gouf internéiert. An där Zäit huet hie vu Barcelona aus den 10. Januar 1793 säi siwente Koméit entdeckt. Während sengem Auslandsopenthalt huet de Méchain säi ganzt Verméigen a Frankräich verluer, a seng Famill war staarke Repressalien ausgesat. 1795 konnt hien nees zréck op Paräis goen. Hie gouf Member vun der neier Wëssenschaftsakademie, dem Bureau des Longitudes an Direkter vum Paräisser Observatoire. Säi leschte Koméit huet hien de 26. Dezember 1799 entdeckt.

De Méchain war fir d'Exaktheet vu sengen Aarbechte bekannt, seng Wierker goufen iwwer laang Zäit publizéiert. Den Napoléon Bonaparte huet him eng Erlaabnes ginn, fir seng Recherche weider auszedeenen. De Méchain huet Paräis am Joer 1803 verlooss. A Spuenien huet hien 1804 d'Gielt Féiwer kritt an ass doru gestuerwen.

Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (21785) Méchain genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (de) Ken Alder: Das Maß der Welt. Die Suche nach dem Urmeter. München 2003

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]