Pierre Majerus

Vu Wikipedia
Pierre Majerus
Gebuer 1908
Rouspert
Gestuerwen August 1998
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Jurist, Diplomat
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

De Pierre Majerus, gebuer 1908 zu Rouspert[Source?] a gestuerwen am Alter vun 88 Joer am August 1998[1], war e lëtzebuergesche Jurist, Diplomat an Auteur.

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch (1927) huet de Pierre Majerus Droit studéiert. Nom Zweete Weltkrich war e bei den Affaires étangères an am diplomateschen Déngscht ugestallt. Hien huet ë. a. op der lëtzebuergescher Amdassade zu Bonn geschafft (~1954) a gouf mat der Zäit Ministre plénipotentiaire. Spéider gouf e Chambellan (Kummerhär) vum Groussherzog Jean.

Hien huet eng ganz Rëtsch juristesch a verfassungshistoresch Wierker geschriwwen a publizéiert. Dofir war hien ë. a. Éieremember vun der Section des Sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Le Luxembourg indépendant - Essai d'histoire politique contemporaine et de droit international public; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1945.
  • L'État luxembourgeois - Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif; Lëtzebuerg, 1948 (= 1. Oplo). - Déi 6., vum Jurist Marcel Majerus revidéiert an ergänzt Ausgab, koum 1990 zu Esch/Uelzecht (Editpress) eraus (435 S.).
  • Principes élémentaires de droit public luxembourgeois ; Lëtzebuerg (Impr. Jos. Beffort), 1950.
  • Le Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale - Extrait de l'ouvrage "Le Luxembourg indépendant" (...); Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1980; 159 Säiten.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Notiz iwwer den Doud vum Pierre Majerus am Lëtzebuerger Land vum 4. September 1998 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 7. Februar 2022
  2. Memorial A N°12 vun 1958 mat der Lëscht vun de Leit déi 1958 am Ordre dela ocuronne de chêne dekoréiert goufen.
  3. Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse op der Säit 63