Pierre Mellina

Vu Wikipedia
Pierre Mellina
Gebuer 25. Februar 1957
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Liichtathleet
Partei CSV

De Pierre Mellina, gebuer de 25. Februar 1957 zu Péiteng[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a fréiere Liichtathleet.

Hie war vun 1994–1999 Member vum Péitenger Gemengerot, vun 2000–2004 Schäffen an ass zanterhier Buergermeeschter vu Péiteng.

2013 war hie fir e puer Méint, vum 14. Mee un, wéi hie fir de Marc Spautz, dee Minister gi war, nogeréckelt war, bis de 7. Oktober, wéi s'opgeléist gouf, Deputéierten an der Chamber.

An de fréien 1980er Jore war de Pierre Mellina e Laangstreckeleefer, deen e puermol d'Lëtzebuerger Championnat gewonnen huet: iwwer 5000 Meter (1981, 1982) an iwwer 10.000 Meter (1982).[2] 1981 huet hien d'Eurocross Cross-country-Course zu Dikrech gewonnen[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Mellina Pierre" op petange.lu
  2. Georges Klepper: Luxembourgish Championships (Athletics Weekly)
  3. Eurocross 10.2 km (men) + 5.3 km (women) Civai, Franco & Gasparovic, Juraj (2009-02-28). Association of Road Racing Statisticians, gelies 2010-03-01.