Pierre Mores
De Pierre Mores gebuer den 21. Abrëll 1950 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Jurist an héije Beamten.
Seng beruflech Carrière huet hien an der Verwaltung vun de Sozialversécherunge gemaach. Säin héchste Poste war dee vum President vun der Privatbeamtepensiounskees, wat hie vu 1999 bis 2007 war.
De Pierre Mores gouf den 20. Mäerz 1990, op Propositioun vum Staatsrot selwer, Member vum Staatsrot, wou hien an d'Plaz vum Edmond Reuter koum, deen den 12. Februar gestuerwe ass. An der offiziéiser parteipolitescher Andeelung vun de Memberen vun der Héijer Kierperschaft gouf hien der DP zougerechent. De 14. Januar 2000 gouf hie Vizepresident an den 29. Abrëll 2003 gouf e President vum Staatsrot.
Den 30. September 2007 huet hien d'Présidence vun der Privatbeamtepensiounskees an och déi vum Staatsrot, e puer Méint ir säi Mandat ob en Enn komm wier, opginn fir d'Nominatioun als Haffmarschall vum Grand-Duc Henri unzehuelen.
Den 1. Oktober 2007 ass de Pierre Mores Haffmarschall ginn.
Hien huet eng Lizenz am Droit vun der Universitéit Nanzeg II an en Diplôme d'études am europäeschen Droit vum Centre européen vun der Universitéit vu Nanzeg.