Pierre Prüm
De Pierre Prüm, gebuer den 9. Juli 1886 zu Ëlwen a gestuerwen den 1. Februar 1950 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Pierre Prüm ass de Fils vum Klierfer Politiker Émile Prüm, deen zu Klierf eng Gierwerei hat. Hie gouf Affekot a geschwënn dono an d'Chamber gewielt. 1918 ass hien aus der Rietspartei ausgetratt an huet d'Onofhängeg Nationalpartei (Parti national indépendant) gegrënnt.
Well d'Chamber 1925 de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ënnert enger belscher Direktioun ze vereenegen, refuséiert huet, koum et zu enger Kris an der Regierung Reuter an zu Neiwalen. Als Resultat koumen néng Parteien an d'Chamber. Well d'Rietspartei, déi hir absolut Majoritéit verluer hat, keng Koalitioun wollt agoen, koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Regierung déi sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt huet. De Pierre Prüm gouf Premierminister an och Aussen-, Innen- a Landwirtschaftsminister (deemools nach 'Generaldirekter' genannt).
Mee schonn de 16. Juli 1926 koum et zum Broch vun där Regierung, wéi déi Liberal an d'Sozialisten sech iwwert e Gesetzesprojet iwwer de Congé fir d'Aarbechter net eens konnte ginn.
De Pierre Prüm gouf doropshin, bis 1936, Friddensriichter zu Klierf.
1937 gouf hien nach eng Kéier, um Leo Müller senger Lëscht, als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt.
1940 ass en an d'Gedelit agetratt.
Am November 1946 gouf hien zu 4 Joer Prisong wéinst Kollaboratioun veruerteelt.
Gielercher [änneren]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1932)[1]
Kuckt och [änneren]
- Regierung Prüm
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Politiker